Triny Beckius

Vu Wikipedia
Triny Beckius
Gebuer 22. August 1942
Maertert
Gestuerwen 11. Dezember 2023
Iechternach
Nationaliteit Letzebuerg
Aktiviteit Moler
Member vun Cercle artistique de Luxembourg
Famill
Papp Jean-Pierre Beckius

D' Triny Beckius , gebuer den 22. August 1942 zu Maertert [1] a gestuerwen den 11. Dezember 2023 zu Iechternach [2] war eng Letzebuerger Molerin .

Hire Studium huet si an der Ecole nationale superieure des beaux-arts zu Parais an op der Rijksakademie van Beeldende Kunsten zu Amsterdam gemaach. [3]

D'Triny Beckius huet enner anerem Landschaftsbiller a Stadvue gemoolt. Si war Member vum Cercle Artistique de Luxembourg (CAL), [4] op deem sengem Salon se 1961 eng eischt Keier ausgestallt huet. E. a. 1966 hat se eng eegen Ausstellung an der Galerie Bradtke [5] , Interart (1969) [6] an an der Galerie Le Cadre (1971). 1966 huet si Letzebuerg um Salon europeen des femmes-peintres zu Nanzeg representeiert, zesumme mat der Georgette Beljon , der Monique Brackel , der Solange Fregnac , der Therese Fregnac , der Josee Gloden , der Nina Grach-Jascinsky , der Marie-Ange Heiden , der Christiane Heinen , der Huguette Heldenstein , der Erny Heuertz , der Loulou Heuertz , der Valerie Kuborn , der Ger Maas , der Helene Meer , der Marie-Jeanne Molitor , der Irene Nadler , der Vanna Solofrizzo , der Germaine Spiesse an der Lily Unden . [7]

1988 gouf si um Salon du CAL mam Prix mention du public ausgezeechent. [8]

D'Triny Beckius war d'Duechter vum Moler Jean-Pierre Beckius a senger Fra Gabrielle Breyer, an d'Steifduechter vum Moler Roger Steffen .

Wierker [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Selbsbildnis , 1963, Ueleg op Lengent

Literatur [ anneren | Quelltext anneren ]

Kuckt och [ anneren | Quelltext anneren ]

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Referenzen an Notten [ Quelltext anneren ]

  1. H. Lambert, 1992. Anthologie des arts au Luxembourg.
  2. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 14. Dezember 2023, S. 28.
  3. Lambert Herr (2001) Signatures, portraits et auto-portraits : artistes plasticiens au Luxembourg . Luxemburg: Editions Saint-Paul. ISBN 2-87963-382-6 . p. 20.
  4. "BECKIUS Triny" , Cercle Artistique de Luxembourg.
  5. Jos. Walentiny, "Triny Beckius dans la Galerie Bradtke" , Luxemburger Wort , 23. November 1966
  6. Jos. Walentiny, "Exposition Triny Beckius a la galerie Interart" , Luxemburger Wort , 14. November 1969.
  7. "Salon europeen des femmes-peintres" , Luxemburger Wort , 25 Maerz 1966.
  8. Lambert Herr (1992) Anthologie des arts au Luxembourg . Luxembourg: Editions Emile Borschette. ISBN 2-87982-034-0 . p. 23.