Den 11.
Tour de France
gouf vum
29. Juni
bis de
27. Juli
1913
a 15 Etappe gefuer mat enger Totaldistanz vu 5.388 km.
- D'Generalklassement gouf erem op d'Zait gemaach an dee System blouf definitiv bestoen.
- Den Depart vum Tour war zu
Boulogne-Billancourt
an d'Arrivee am
Parc des Princes
. Et war fir d'eischt wou den Tour den emgedreinte Wee gefuer ass.
- Den Tour vun 1913 war markeiert duerch Accidenter a ganz vill Abandonen.
- Trotzdeem datt dei aner Ekippe sech zesummegedoen hate fir d'Ekipp
Peugeot
kleng ze kreien, konnt des Ekipp awer dei 3 eischt Plazen am Generalklassement besetzen.
- Den
Eugene Christophe
, dee mat sengem Coequipier Thys an der Etapp vu
Luchon
ugaange war a virtuellen Eischten um
Tourmalet
war, hat do onglecklecherweis seng Gafel gebrach. Well all Hellef verbuede war huet hie seng Gafel selwer bei engem Schmadd gefleckt. Hien hat all Chancen op den Tourgewenn verluer, ma en ass an d'Geschicht vum Tour agaangen.
- De
Lucien Petit-Breton
, vun der Ekipp ≪ Automoto ≫, war nach am Kampf fir d'Schlussklassement wei en huet missen an der 14. Etapp opginn well hie schweier gefall war. An der selwechter Etapp ass och dee bis dohin Eischten am General, de
Philippe Thys
, gefall an dat huet hien 10 Minutte kascht. Hie blouf awer ganz knapps vir am Generalklassement.
- Moyenne vum Gewenner: 27,23 km/h.