Den
Theodore Willibrord de Wacquant
, gebuer den
22. Juli
1815
zu
Feiz
(um Feizer Schlass) a gestuerwen de
14. Dezember
1896
zu
Letzebuerg
, war e
letzebuergeschen
Deputeierten an
Dokter
zu Feiz
[1]
.
Nodeem en am Maerz 1835 sai Studium am
Kolleisch
ofgeschloss hat, huet en 2 Joer op der
Universiteit vu Leck
a vun 1837 un op der
Universiteit vu Breissel
studeiert wou en 1839 sain Diplom als Dokter vun der Medezin mat grousser Auszeechnung kritt huet. Nodeem e kuerz Zait als Dokter zu
Monnerech
geschafft hat, huet en zu Leck weider studeiert fir Dokter an der Chirurgie ze ginn. Am August 1842 huet en zu Letzebuerg sain Doktorat an der Gebuertshellef bestanen an de 7. Februar 1843 ass en zum Kantonaldokter vun
Esch
ernannt ginn.
Hien hat vun 1843 bis 1866 eng Dokterpraxis zu Feiz.
Vun 1860 u war e Vizepresident a vun 1864 u bis zu sengem Doud President vun der Ackerbaugesellschaft.
Am Summer 1895 huet e seng gellen Hochzait gefeiert.
Hin ass de 14. Dezember 1896 um 7:00 un enger stenterlecher Longekrankheet gestuerwen.
1848 gouf en an de
Gemengerot
vu Monnerech gewielt an deem e bis zu sengem Doud bliwwen ass. E war an der Zait bis 1860 och zweemol
Buergermeeschter
vu Monnerech.
Vum 17. Oktober 1854 bis de 27. November 1856 a vum 24. Juni 1872 bis zu sengem Doud 1896 war en Deputeierte vum Kanton Esch an der
Chamber
. Vum 17. Juni 1890 un huet hien de verstuerwenen
Emmanuel Servais
als
President vun der Chamber
ersat, wat e bis zu sengem Doud bliwwen ass.
- Eng Strooss zu Feiz:
rue Theodore de Wacquant
(PLZ: 3899) dei parallel zur
A4
leeft
- Eng Strooss zu Esch-Uelzecht:
rue Theodore de Wacquant
(PLZ: 4345) am Quartier Lalleng, dei vum Boulevard Aloyse Meyer fortgeet an als
Sakgaass
ophalt.
- ↑
Lokalneiegkeeten
am
Luxemburger Wort
vum 14.Dezember 1896
- ↑
Memorial A N°46 vum 25 Juli 1896 mat der Lescht vun de Leit dei 1896 mam ordre de la couronne de chene ausgezeechent goufen
Archiveiert
de(n) 2016-03-05. Gekuckt de(n) 2013-10-30.