D'
Supreme Court of the United States
("
Iewescht Geriicht vun de Vereenegte Staaten
", ofgekierzt
SCOTUS
) gouf 1789 duerch den Artikel III vun der
US Verfassung
als dat hechst Bundesgeriicht vun de
Vereenegte Staaten
agesat. Et kann Urteeler vun de verschiddene
Bundesgeriichter
kasseieren, sou wei och Urteeler vu Geriichter vu
Bundesstaaten
(
state court
), am Fall wou Bundesgesetzer am Spill sinn.
Am Gesetzsystem vun den USA ass d'Supreme Court dei lescht Instanz, wat d'Interpretatioun vu Bundesverfassungs-Gesetzer ubelaangt.
D'Geriicht besteet aus engem President, dem sougenannten
Chief Justice of the United States
, an aacht Associeierte Riichter (
Associate Justices
). Si gi vum
President vun de Vereenegte Staaten
ernannt a vum
Senat
confirmeiert. Hir Nominatioun ass "op Liewenszait", d. h. se halt ereischt op, wa s'a Pensioun ginn, kennegen, oder duerch eng
Impeachment
-Prozedur entlooss ginn (wat awer nach ni virkomm ass).
De Setz ass am
United States Supreme Court Building
zu
Washington D.C.
.