Su-Mei Tse
|
---|
Gebuer
|
29. Januar
1973
Letzebuerg
|
---|
Nationaliteit
|
Letzebuerg
|
---|
Educatioun
|
Paraisser Conservatoire,
Ecole des Metiers d'Art,
Ecole nationale superieure des beaux-arts
|
---|
Aktiviteit
|
Fotograf, Museker,
Kenschtler
, Sculpteur
|
---|
|
D'
Su-Mei Tse
, gebuer den
29. Januar
1973
an der
Stad Letzebuerg
, ass eng
letzebuergesch
Musekerin a Kenschtlerin, dei an hiren Installatioune
Musek
,
Fotografie
,
Kino
an
Danz
verkneppt.
No enger Ausbildung als
Cellistin
an engem
BTS
am Textildesign huet d'Su-Mei Tse en Diplom op der
Ecole des Beaux-Arts
zu Parais gemaach.
Si huet de
14. Juni
2003
fir de Letzebuerger Pavillon, an der
Ca' del Duca
, op der
Biennale
vu
Venedeg
, de
Gellene Leiw
gewonnen. Gewise gouf do d'
Videoinstallatioun
Les balayeurs du desert
, wou Stroossebotzer an der Wust stinn, Sand op Keipercher ze kieren, an
Echo
, wou eng Cellistin (d'Kenschtlerin selwer) virun engem
Alpen
-Panorama spillt, dar hir Musek sech mam rhytmesche Schare vun de Bieseme vermescht. Weiderhin hat se an engem aneren Deel vum Pavillon vergreissert
Sandaueren
opgeriicht (
Personal Times
), an e schalldichte Raum, ganz mat gielen Schaumkeiler agekleet. Dat Ganzt stoung enner dem Theema "
[E:r] conditionne
".
D'Su-Mei Tse ass d'Duechter vun engem
Chinees
an enger
Brittin
a lieft tescht Letzebuerg,
Parais
a Berlin.
- Bird Cage
, zesumme mam
Jean-Lou Majerus
, beim Gebai K2, Letzebuerg-Kierchbierg
- ↑
Promotion generale dans les Ordres nationaux 2013 am Ministere de la Culture
Archiveiert
de(n) 2013-10-10. Gekuckt de(n) 2015-01-24.