Sibirien
(ru. Сибирь -
Sibir
) bezeechent am waitste Senn de ganzen asiateschen Deel vu
Russland
, dee sech vum
Ural
am Weste bis bei de
Pazifik
am Oste streckt, a vum
Arkteschen Ozean
am Norde bis un d'Hiwwele vu
Kasachstan
an d'Grenze vu
China
an der
Mongolei
am Sude geet.
Obwuel et 77 % vum russeschen Territoire ausmecht (13,1 Millioune Quadratkilometer) liewen do just 28 % vun der russescher Populatioun (ronn 40 Millioune Leit).
D'West-Ost Achs vu Sibirien huet eng 7.000 km opweises an d'Nord-Sud Achs emmerhin nach 3.500 km. Et mecht domat bal 10 % vun der Uewerflach vun der Aerd aus.
Sibirien leisst sech graff a 7 Grousslandschaften andeelen: d'
Westsibirescht Deifland
tescht dem Ural an dem Floss
Jenissei
, dann no Osten hin als eischt d'
Mettel-
an duerno d'
Ostsibirescht Biergland
mat dertescht op der Heicht vum Floss
Lena
d'
Metteljakutesch Dellt
, da mei kleng Landstreecher mat am Norden d'
Nord-
an d'
Ostsibirescht Deifland
an am Suden dei
Sudsibiresch Bierger
.
Dei greisst Fless vu Sibirien lafen all an d'
Polarmier
. Dat sinn den 3.650 km laangen
Ob
dee vun den
Altai-Bierger
aus duerch Westsibirien leeft, de 4.092 km laange
Jenissei
, dee vun de Sudsibiresche Bierger kennt, laanscht
Krasnojarsk
fleisst an als bekanntsten Niewefloss d'Angara huet, den eenzegen Offloss vum 31.500 km² groussen an 1.637 m deiwe
Baikalsei
, an zu gudder Lescht dei 4.400 km laang
Lena
, dei nemmen eng 5 km vum Baikalsei ewech hir Quell huet awer e grousse Bou no Oste schleit fir bei
Jakutsk
laanschtzekommen.
Vegetatiounszonen:
??
Keeltwust
??
Tundra
??
Alpintundra
| ??
Taiga
??
Biergniwwelbesch
??
Meschbesch
| ??
tempereiert Stepp
??
dreche Stepp
|
Dei meescht Regioune vu Sibirie si vun engem Kontinentalklima mat relativ gliddege Summeren (bis +40 °C) an extreem kale Wanteren (bis ?72 °C) markeiert. Dacks bleift d'Land bis zu 9 Meint enner enger Schneidecke verstoppt an et fennt een a waiten Deeler
Permafraschtbiedem
, deen och an der waarmer Joreszait nemmen uewendriwwer entdeet a sou kee Schmelz- a Reewaasser ophuele kann, wat nieft enger
Supp (Fiichtgebitt)Suppelandschaft
virun allem och zu immense
Meckeploe
feiert.
Bis op d'Bierger am Suden ass Sibirien relativ flaach. An den arktesche Regiounen am Norden herrscht d'
Tundra
mat hire
Moser
,
Grieser
an Traisch. E bessen drenner fankt dei ganz grouss Straif vun der
Taiga
un (russesch Bezeechnung fir Beschlandschaft), haaptsachlech mat Nolbescher, Suppen a Moueren. Am Westen domineire
Fiichten
a
Kiferen
, am Osten eischter
Melassen
. Am Sude geet d'Taiga an d'
Stepp
iwwer. An der tempereierter Beschstepp gesait ee meeschtens
Bierken
, dei awer och am Rescht vu Russland gutt wuessen, an der drechener Stepp kommen da just nach Grieser a Kraider vir.
Am 16. a 17. Joerhonnert hu sech virun allem
Kosaken
op de Wee gemaach, fir dat "Land wat schleift" am Optrag vum Zar z'erueweren.
Zanter den 1920er Joren huet dunn d'Sowjetunioun massiv op Relokalisatioun vu Leit an den Oste gesat, fir d'Industrie vu Sibirien ze forceieren.
Nieft villen inigenen asiatesche Velker sinn dei ronn 40 Millioune Leit a Sibirien awer an der Majoriteit Russen a russifizeiert Ukrainer.
Eng 70 % vun der Bevelkerung lieft a Stied.
Nowosibirsk
ass mat 1,5 Millioune Menschen dei greisst Stad. Wichteg Zentre sinn awer och
Omsk
,
Krasnojarsk
,
Tjumen
,
Tomsk
,
Irkutsk
,
Chabarowsk
,
Tschita
,
Ulan-Ude
an dei farnestlech Pazifik-Metropol
Wladiwostok
. Si leie praktesch all op engem relativ schmuele Band am Suden a Sudwesten, wou dei
Transsibiresch Eisebunn
duerchfiert an Akerbau meiglech ass.
An der Moyenne lait doweinst d'Bevelkerungsdicht just bei 2,9 Mensche pro km².
Sibirien ass weinst senge ville Reistoffer vun ekonomesch onschatzbarem Waert. An eischter Rei sinn do natierlech Aerdgas a Petrol z'ernimmen. Ganz wichteg sinn awer och Holznotzung, Kuelferderung, Uranofbau, Diamant- a Goldminen.
Well dei grouss Flossleef vu Sibirien
Ob
,
Jenissei
a
Lena
vu Suden an d'Polarmier lafen an dann och nach wei vill Meint am Joer komplett zougefruer sinn, ass et ereischt nom Bau vun der
Transsibirescher Eisebunn
meiglech gi fir Gidder a greisserem Emfang ze transporteieren.
- Bednarz, Klaus:
Ostlich der Sonne
. Rowohlt, Reinbek 2002,
ISBN 3-498-00629-0
- Dahlmann, Dittmar:
Sibirien. Vom 16. Jahrhundert bis zur Gegenwart
, Paderborn 2009,
ISBN 978-3-506-71361-2
- Gauthier a Garcia,
L'Exploration de la Siberie
. Actes Sud, Parais 1996,
ISBN 2-7427-0884-7
- Ruge, Gerd
:
Sibirisches Tagebuch
. Berlin Verlag, Berlin 1998/1999,
ISBN 3-426-61162-7