한국   대만   중국   일본 
Sexuell Belastegung ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Sexuell Belastegung

Vu Wikipedia
Eng Manifestatioun geint sexuell Belastegung a sexualiseiert Gewalt um Genfer Fraestreik (2022)

Sexuell Belastegung ass e menschlecht Verhalen, dat sexuell motiveiert an onerwenscht ass. Et verletzt eng Persoun an hirer Wurd , schuchtert se an oder beaflosst se negativ an hirem Aarbechts- oder Leieremfeld. Dei Form vu Belastegung kann a verschidde Situatioune virkommen, wei op der Aarbechtsplaz, an engem Ausbildungskontext, an der Effentlechkeet oder am Online-Beraich. Si manifesteiert sech duerch verbal, nonverbal oder physesch Handlungen a ka souwuel vu Friemen, wei och vu bekannte Persounen ausgoen.

Definitioun an Typpen [ anneren | Quelltext anneren ]

D'Sexuell Belastegung emfaasst e breede Spektrum vu Verhalensweisen, dei vu verbale Bemierkungen iwwer sougenannt "knaschteg" Witzer an net-ubruecht Bereierungen bis hin zu erzwongenem sexuelle Kontakt reechen. Et gett zwei grouss Typpe vu sexueller Belastegung: verbal sexuell Belastegung a physesch sexuell Belastegung.

Verbal sexuell Belastegung [ anneren | Quelltext anneren ]

Zu dar Aart vu Belastegung ziele Kommentaren, Witzer, Bemierkungen oder Uspillungen, dei sexueller Natur, obszon an net vun der viseierter Persoun erwenscht sinn. Dei Handlunge kennen dei betraffe Persoun emotionell belaaschten oder en desagreabelt oder feindlecht Emfeld schafen. Beispiller sinn:

  • obszon oder erniddregend Bemierkungen iwwert d'Ausgesinn,
  • hannendrupaifen,
  • indiskreet Ausfroen iwwer d'intiimt Liewen,
  • Opfuerderungen zu sexuellen Handlungen,
  • weisen oder verschecke vu pornografeschen oder sexisteschen Duerstellungen,
  • opdrenglech Blecker,
  • net-ubruecht Breiwer, Noriichten, Appellen, oder Geschenker,
  • obszon Gesten.

Sexuell Belastegung an effentleche Raim, wei op effentlechte Stroossen a Plazen oder am effentlechen Transport, gett am franseischen als harcelement de rue an am engleschen als catcalling oder street harassment bezeechent.

Physesch sexuell Belastegung [ anneren | Quelltext anneren ]

Eng Bereierung, wei op der Foto, kann als onerwenscht Intimiteit erlieft ginn a gellt dann als sexuell Belastegung

Physesch oder kierperlech sexuell Belastegung sinn onerwenscht Bereierungen, Kierperkontakt oder Versich, enger Persoun sexuell mei no ze kommen, ouni datt dei betraffe Persoun dozou hir Awellegung ginn huet. Dat kann eng erhieflech Bedroung fir dei kierperlech Secherheet an d'Wuelbefanne vun der Persoun duerstellen. Beispiller sinn:

  • ongewollt kierperlech Rapprochementer, besonnesch wa se widderholl ginn,
  • kierperlech Gewalt ? an deem Fall, besonnesch bei schlemmer sexueller Aggressioun wei der Vergewaltegung , schwatzt ee vu sexualiseierter Gewalt .

Auswierkungen [ anneren | Quelltext anneren ]

D'Auswierkunge vu sexueller Belastegung kenne schweier Konsequenzen hunn a sech op dei physesch a psychesch Gesondheet vun der betraffener Persoun auswierken. D'Affer vu sexueller Belastegung kennen enner anerem follgend Problemer erliewen:

  • Psychesch Follgen : Affer kennen enner Angschtzoustann, Depressiounen, Schlofsteierungen an engem gerenge Selbstwaertgefill leiden. Si kennen och d'Vertrauen an aner Menschen verleieren a sozial Interaktiounen eviteieren, fir weidere Belastegungen aus dem Wee ze goen.
  • Berufflech Konsequenzen oder Auswierkung op d'Bildung : Sexuell Belastegung op der Schaff oder an der Schoul kann d'Leeschtungsfaegkeet an d'Produktiviteit vun de Betraffene beantrachtegen. Affer kenne Schwieregkeeten hunn, fir sech op hir Aufgaben ze konzentreieren, a sech meiglecherweis gezwonge fillen, hir Aarbechtsplaz oder hir Schoul ze verloossen.
  • Gesondheetlech Konsequenzen : Sexuell Belastegung kann zu kierperleche Gesondheetsproblemer feieren, dorenner Kappwei, Bauchwei a Bluttheichdrock, dei duerch unhalende Stress verursaacht ginn.

Rechtlech Aspekter [ anneren | Quelltext anneren ]

An de meeschte Lanner gett et Gesetzer a Richtlinnen, dei sexuell Belastegung op der Aarbechtsplaz, a Bildungsariichtungen an an anere Beraicher verbidden. Dei Gesetzer varieiere vu Land zu Land; si hunn awer d'Zil, d'Affer ze schutzen an d'Belasteger zur Rechenschaft ze zeien.

Affer vu sexueller Belastegung hunn dacks d'Recht, eng Plainte bei den zoustannegen Autoriteiten ze maachen. Zumindest an der westlecher Welt sinn d'Employeuren an d'Bildungsinstitutiounen dacks obligeiert, ugemoosse Mesuren ze ergraifen, fir sexuell Belastegung ze verhenneren an ze bekampfen.

Zu Letzebuerg gett sexuell Belastegung (fr: harcelement sexuel ) am Code du travail verbueden, an d'Employeure sinn obligeiert, Preventiounsmesuren ze huelen a sexuell Belastegung ze ennerbannen. [1]

Preventioun a Bekampfung [ anneren | Quelltext anneren ]

Scheld op engem Schantjen am Chile . Den Text bedeit: "Op deem Schantje paife mir de Fraen net no a si mi geint d'Belastegung op der Strooss".

D'Bekampfung vu sexueller Belastegung erfuerdert eng emfaassend Approche, dei op Preventioun, Sensibiliseierung an ugemoossene Reaktioune berout. E puer Preventiounsmesure sinn:

  • Sensibiliseierungscampagnen iwwer sexuell Belastegung an hir Auswierkungen,
  • Formatioune fir Mataarbechter a Schuler, dei si iwwer dat anstannegt Behuele an d'Bedeitung vun der Awellegung opklaren,
  • d'Ausschaffen an Emsetze vu Richtlinnen a Prozedure fir Belastegungsvirwerf ze mellen an ze ennersichen.

Quellen [ anneren | Quelltext anneren ]

Referenzen an Notten [ Quelltext anneren ]

  1. Letzebuerger Code du Travail, Art. L. 245-4.