Den
Sergio Mattarella
, gebuer den
23. Juli
1941
zu
Palermo
, ass en italieenesche Riichter a
Politiker
. Hien ass zanter dem
3. Februar
2015
President vun der Republik
Italien
.
Sai Virganger
Giorgio Napolitano
hat am Januar 2015 demissioneiert. Et ass zu neie Wale komm. Am eischte Walgang krut de Mattarella 5 Stemmen, am zweeten an am drette Walgang krut hien der 4. Ereischt am veierte Walgang ware sech d'Deputeiert an d'Senatoren eeneg: nom veierte Walgang krut hie 665 Stemmen vun 1009,
[1]
an ass deemno zanter dem 3. Februar 2015 President.
Hie staamt aus enger Famill vu
Politiker
: sai Papp, de Bernardo Mattarella, war Minister. Sai Brudder
Piersanti
dee President vun der Regioun
Sizilien
war, gouf vun der
Mafia
embruecht. Sai Patter war de Salvatore Aldisio, och Minister.
- ↑
eletto al Quirinale con 665 voti: e lui il nuovo presidente della Repubblica
Staatspresidente vun der Republik
Italien
|
---|
|