De
Sergei Michailowitsch Prokudin-Gorski
, (
russ.
: (Сергей Михайлович Прокудин-Горский), gebuer den
31. August
1863
zu
Murom
am
Oblast
Wladimir a Russland, a gestuerwen de
27. September
1944
zu
Parais
) war en aussergeweinlech wichtege Pioneier vun der
Faarffotografie
.
No senge
Chimie
-Studien zu
Sankt Peitersbuerg
,
Berlin
a
Parais
, huet hien ugefaange mat der Meiglechkeet, faarweg Biller ze produzeieren unhand vu schwaarz-waiss Opnamen.
1905
hat hie sai System sou wait perfektioneiert, datt en decideiert war, dat ganz
Zareraich
op gliese Filmplacken ze dokumenteieren. Den Zar
Nikololai II. vu Russland
huet hien doran ennerstetzt an dem Prokudin-Gorski e
Laissez-passer
verschaaft, deen et meiglech gemaach huet, fir gespaarte Bezierker ze besichen; vum Transportminstar krut de Fotograf en Eisebunnswaggon mat
Donkelkummer
zur Verfugung gestallt.
Den neie Procede fir Faarfopnamen, dei net konnte gedreckt, ma nemme projezeiert ginn, huet doraus bestanen, drai
monochrom
Filmplacken kuerz hannereneen ze beliichten, an zwar dei eng duerch e
Routfilter
, dei zweet duerch e
Blofilter
an dei drett duerch e
Grengfilter
. Bei der Projektioun duerch ugepasste Filtere war dann e faarwegt Bild ze gesinn.
Tescht
1909
an
1912
an am Joer
1915
war de Prokudin-Gorski ennerwee, fir Kleischter, Fabrecken an den Alldag vun de Leit op senge Glasplacken ze vereiwegen. Doraus ass eng eenzegaarteg Sammlung vun 2.607 Fotoen entstanen, dei d'
Library of Congress
1948
vun den Ierwe vum Prokudin-Gorski kaaft huet.
1918
, direkt no der
Russescher Revolutioun
huet hie Russland de Reck gedreit, an ass fir d'eischt an Norwegen an duerno England geplennert, ier e sech zu Parais neiergelooss huet, wou en
1944
gestuerwen ass.
- Sergei Michailowitsch Prokudin-Gorski, Robert H. Allshouse (Ed.):
Photographs for the Tsar: The Pioneering Color Photography of Sergei Mikhailovich Prokudin-Gorskii Commissioned by Tsar Nicholas II
, 1980, Doubleday.
Dat komplett Wierk vum Prokudin-Gorski op der Websait vun der Library of Congress
(en)