Sergei Michailowitsch Prokudin-Gorski

Vu Wikipedia
Den Alim Khan, Emir vu Bakhara, op enger Foto vum Prokudin-Gorski vun 1911 (!).

De Sergei Michailowitsch Prokudin-Gorski , ( russ. : (Сергей Михайлович Прокудин-Горский), gebuer den 31. August 1863 zu Murom am Oblast Wladimir a Russland, a gestuerwen de 27. September 1944 zu Parais ) war en aussergeweinlech wichtege Pioneier vun der Faarffotografie .

No senge Chimie -Studien zu Sankt Peitersbuerg , Berlin a Parais , huet hien ugefaange mat der Meiglechkeet, faarweg Biller ze produzeieren unhand vu schwaarz-waiss Opnamen. 1905 hat hie sai System sou wait perfektioneiert, datt en decideiert war, dat ganz Zareraich op gliese Filmplacken ze dokumenteieren. Den Zar Nikololai II. vu Russland huet hien doran ennerstetzt an dem Prokudin-Gorski e Laissez-passer verschaaft, deen et meiglech gemaach huet, fir gespaarte Bezierker ze besichen; vum Transportminstar krut de Fotograf en Eisebunnswaggon mat Donkelkummer zur Verfugung gestallt.

Den neie Procede fir Faarfopnamen, dei net konnte gedreckt, ma nemme projezeiert ginn, huet doraus bestanen, drai monochrom Filmplacken kuerz hannereneen ze beliichten, an zwar dei eng duerch e Routfilter , dei zweet duerch e Blofilter an dei drett duerch e Grengfilter . Bei der Projektioun duerch ugepasste Filtere war dann e faarwegt Bild ze gesinn.

Tescht 1909 an 1912 an am Joer 1915 war de Prokudin-Gorski ennerwee, fir Kleischter, Fabrecken an den Alldag vun de Leit op senge Glasplacken ze vereiwegen. Doraus ass eng eenzegaarteg Sammlung vun 2.607 Fotoen entstanen, dei d' Library of Congress 1948 vun den Ierwe vum Prokudin-Gorski kaaft huet.

1918 , direkt no der Russescher Revolutioun huet hie Russland de Reck gedreit, an ass fir d'eischt an Norwegen an duerno England geplennert, ier e sech zu Parais neiergelooss huet, wou en 1944 gestuerwen ass.

Literatur [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Sergei Michailowitsch Prokudin-Gorski, Robert H. Allshouse (Ed.): Photographs for the Tsar: The Pioneering Color Photography of Sergei Mikhailovich Prokudin-Gorskii Commissioned by Tsar Nicholas II , 1980, Doubleday.

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Sergei Mikhailovich Prokudin-Gorskii ? Biller, Videoen oder Audiodateien

Dat komplett Wierk vum Prokudin-Gorski op der Websait vun der Library of Congress (en)