D'
Schluecht vun đi?n Bien Ph?
(franseisch:
Bataille de Dien Bien Phu
) war eng militaresch Konfrontatioun an den Heichpunkt vun
Indochinakrich
, dei vum
20. November
1953
(respektiv, mei konkreet, vum
13. Maerz
1954
) bis de
7. Mee
1954 gedauert huet. An hir stounge sech, am
Tonkin
, de
Corps expeditionnaire d'Extreme-Orient
vun der
Union francaise
an de kommunistesche
Viet Minh
geintiwwer.
D'Fransousen hunn d'Operatioun domat ugefaangen, hir Zaldoten zu đi?n Bien Ph?, deif an den Hiwwele vum Nordweste vum Vietnam ze positioneieren, an duerno z'ennerstetzen. Den Zweck vun der Operatioun war et, d'Versuergungslinne vum Viet Minh an d'Nopeschland Laos, dat e franseischen Allieierte war, ofzeschneiden an de Viet Minh an eng grouss Konfrontatioun ze zeie fir en esou ze dezimeieren. De Plang huet virgesinn, d'franseisch Positioun aus der Loft ze ravitailleieren, well een dovun ausgoung, datt de Viet Minh keng Fligerofwier hatt. Deen huet dei awer guer net gebraucht: de Viet Minh huet namlech, enner dem Generol
Vo Nguyen Giap
, d'Fransousen emzengelt a belagert. Si hu grouss Qantiteite vu schweierer Artillerie erbaigeschleeft (inklusiv Anti-Fliger-Waffen) an hunn et faerdegbruecht, des grouss Waffen duerch schwieregen Terrain op dei hennescht Hang vun de Bierger eropzetransporteieren. De Viet Minh huet dunn Tunnelen duerch de Bierg gegruewen an d'Kanoune a Kasematten, mat Vue op dat franseischt Lager, positioneiert.
Am Maerz 1954 huet de Viet Minh mat engem massiven Artilleriesbombardement lassgeluecht. D'Fransousen, enner dem Kommando vum Colonel (speider Generol)
de Castries
, hate keng Meiglechkeet, mat hirem Konter-Batterie-Feier dat z'ennerbannen, well dei sech emmer nees an hir Tunnellen, resp. hannert de Bierg zereckzeie konnten. Et koum dunn zu engem zeie Kampf um Buedem, deen un d'Kampf an den Trancheee vum Eischte Weltkrich erennert huet.
Ufanks konnten d'Fransousen dem Viet Minh seng Stuermugreffer op hir Positiounen ofwieren, iwwerdeems s'aus der d'Loft ravitailleiert goufen, ma dunn huet de Viet Minh Steck fir Steck Schlesselpositiounen ageholl, dei de Fransousen hire Perimeter esou verklengert hunn, datt Liwwerungen aus der Loft, op dei se hir Hoffnunge gesat haten, emmer mei schweier an dunn onmeiglech goufen.
No enger Belagerung vun zwei Meint huet de Viet Minh d'Garnisoun frontal ugegraff an iwwerrannt, an dei meescht vun de franseische Kraften hu sech erginn. E puer vun hinne sinn an de Laos geflucht. Dei franseisch Regierung zu Parais huet dunn demissioneiert, an den neie Premier Minister, de lenksen Zentrumspolitiker
Pierre Mendes France
, huet de franseische Reckzuch aus Indochina ennerstetzt.
D'Schluecht vun đi?n Bien Ph? war entscheedend; de Krich ass kuerz duerno op en Enn gaangen, an d'
Genfer Accorde
goufen am Juli 1954 ennerschriwwen. Frankraich huet zougestemmt, fir seng Truppen aus all senge Kolonien a Franseisch-Indochina zereckzezeien, an de Vietnam gouf - op d'Mannst zaitweileg - laanscht de 17.
Breedegrad
opgedeelt, woubai de Viet Minh d'Kontroll iwwer den Norde krut, deen zu der
Demokratescher Republik Vietnam
gouf, enner dem
Ho Chi Minh
, an de sudlechen deel zum Staat
Vietnam
gouf, nominell enner dem Keeser
B?o đ?i
, woumat verhennert gouf, datt den Ho Chi Minh d'Kontroll iwwer dat ganzt Land kreich.