Sankt Peitersbuerg

Vu Wikipedia
Dese Geographiesartikel iwwer Russland ass ereischt just eng Skizz . Wann Dir mei iwwer dest Theema wesst, sidd Dir haerzlech inviteiert, aus dese puer Satz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hellef braucht, da luusst bis an d' FAQ eran.
Sankt Peitersbuerg
Land Russland
Federatiounskrees Nordwestrussland
Status Stad mat Subjektstatus
Regioun Sankt Peitersbuerg
Gegrennt 1703
Awunner 5.384.342 (1. Januar 2021)
Flach 1431
Koordinaten 59°57'N, 30°19'O
Zaitzon UTC+3
Telefonszon 812
Postcode 199406
Websait http://gov.spb.ru


Monument vum Peiter de Groussen

Sankt Peitersbuerg ( russ. : Санкт-Петербург ) ass mat 4.953.219 Awunner (2012) dei zweetgreisst Stad a Russland an nach souguer dei nerdlechst Milliounestad vun der Welt. Si lait am Nordweste vum Land, op der Mendung vun der Newa am Oste vum Finnesche Golf .

Sankt Peitersbuerg, 1703 vum Zar Peiter de Groussen gegrennt, gett dacks "Venedeg vum Norde" genannt. Et bestecht awer net nemmen duerch seng vill Kanal, ma gellt mat senge ville Palast a senger grousser Zuel vu Kenschtler als heemlech Kulturhaaptstad vu Russland. D'Bannestad geheiert zum Weltierwe vun der UNESCO . Donieft huet d'Stad als wichtegste russeschen Ostmier-Hafen och eng grouss wirtschaftlech Bedeitung.

Numm

De Peiter de Groussen huet d'Festung an dei speider Stad enner dem Numm Sankt Pieter Burch (Санкт-Питер-Бурх(ъ)) gegrennt, net no sech selwer ma no sengem Schutzhellegen, dem Apostel Simon Petrus . De Klang erennert un Hollannesch , an dat war och sou gewollt, well de Peiter e puer Joer virdrun zu Amsterdam war a lo seng eege Stad mat ville Kanal baue gelooss huet. Den Ufank "Sankt" ass dogeint dei germaniseiert Form vum latengesche "Sanctus". Geschwenn drop gouf se awer op Peterburg (Петербург) emgedeeft.

Mam Ausbroch vum Eischte Weltkrich am Joer 1914 gouf d'Stad op Petrograd (Петроград) embenannt, fir awer schonn 1924 , nom Lenin sengem Doud, nees eng Keier den Numm ze changeieren, an zwar a Leningrad (Ленинград).

Dunn huet et bis zum Zesummebroch vun der Sowjetunioun 1991 gedauert, ier eng Volleksofstemmung mat enger knappser Majoriteit vu 54 % sech fir d'Reckbesennung op den alen Numm Sankt Peterburg (Санкт-Петербург) ausgeschwat huet.

An der Emgankssprooch nennen d'Awunner hir Stad Piter (Питер).

Geographesch Lag

Populatioun

Geschicht

Am Joer 1703 huet den Zar Peiter de Groussen op enger Insel an der Newa-Mendung d' Peiter-a-Paul-Festung baue gelooss, fir am Krich mat de Schweden dei strateegesch wichteg Plaz ofzesecheren. Seier huet de Peiter de Groussen awer d'Chance gesinn, do eng Stad mat Hafen als "Fenster zu Europa" ze grennen.

Vu 1706 un huet den Zar eng Abberzuel Leifeegen zwangsrekruteiere gelooss, fir d'Stad am suppege Buedem op Peil bauen ze loossen. Vill vun hinne sinn dobai emkomm, ma d'Resultat hat Virrank. Fir den Ausbau weider ze forceieren huet de Peiter de Grousse 1710 en Ukas erausginn, no deem all Awunner all Joer 100 Steng ofzeliwweren hat. E weideren Ukas 4 Joer drop sot, datt stenge Gebaier just nach zu Sankt Peitersbuerg gebaut hunn daerfte ginn, fir datt all Steemetzer am ganze Land beim Bau mathellefe sollt. Well de russeschen Adel net prett war, an d'Stad ze plenneren, huet de Peiter de Groussen einfach den Uerder ginn, datt se dat mat hirem ganze Stot missten an Haiser plenneren, deenen hire Stil a Greisst genee festgeschriwwe waren, an dat op eege Kaschten. Dei drakonesch Moossname vum Zar hunn den Erfolleg bruecht: Scho 1712 huet de Peiter de Grousse Sankt Peitersbuerg amplaz vu Moskau als nei Haaptstad ernannt.

De Peiter de Groussen huet Handwierker an Ingenieuren aus ganz Europa, absenns aus Daitschland an Holland, komme gelooss, fir seng nei Stad vun Ufank un zu engem Zentrum vun europaescher Technik a Wessenschaft ze maachen.

D' Katharina II. "di Grouss" huet an der zweeter Hallschent vum 18. Joerhonnert Kenschtler an Architekten op Sankt Peitersbuerg geholl. An hirer Zait sinn di meescht vun de grousse Gebaier entstanen, dei nach emmer d'Stadbild bestemmen, wei de Wanterpalais an d' Smolny-Klouschter , am Stil vum Bartolomeo Rastrelli .

D' Oktoberrevolutioun 1917 ass ugaang mat engem Schoss vum Panzerkraizer Aurora am Petrograder Hafen, an 1918 huet d'russesch Revolutioun d'Haaptstad zereck op Moskau verluecht.

Am Zweete Weltkrich war eng ganz schweier Zait, d' Wehrmacht huet d'Stad bal 900 Deeg laang belagert, warend der sougenannter Leningrader Blockad goung et hinnen net drem d'Stad z'erueweren, ma se ze bombardeieren a se auszehengeren - iwwer eng Millioun Ziviliste si sou grausam zugronn gaangen.

Kuckeswaertes

Literatur

  • Peter Bruhn: Das Bernsteinzimmer in Zarskoje Selo bei Sankt Petersburg , 2. Auflage, Berlin 2004 ISBN 3-86155-109-8

Fotosalbum vu Sankt Peitersbuerg

Um Spaweck

Commons: Sankt Peitersbuerg ? Biller, Videoen oder Audiodateien