De
Rochus vu Montpellier
oder einfach
hellege Rochus
ass e
chreschtlechen Hellegen
, dee virun allem zum Schutz geint d'
Pescht
ugebiet gouf.
Den hellege Rochus gouf der Legend no zu
Montpellier
als Bouf vun aflossraichen Eltere gebuer. Nodeem seng Eltere gestuerwe waren, wei hien ongefeier zwanzeg war, huet hien all seng Besetztumer ewechginn an huet sech op de Wee no
Roum
gemaach. Ennerwee huet hien a ville Klinike Peschtkranke gehollef; hien huet se geheelt andeems hie gebiet huet, d'Kraiz iwwer se gemaach huet oder hinnen d'Hand opgeluecht huet.
Op sengem Reckwee ass hien zu
Piacenza
, eng Stad am Norde vun Italien, selwer u Pescht erkrankt. Doropshin huet e sech an e Besch net wait vun der Stad geflucht, wou e sech en einfache klengen Ennerschlupf gebaut huet. Hei huet e kennen iwwerliewen, well all Dag en
Hond
mat engem Laif Brout am Mond bei hie komm ass. No enger Zaitchen ass dem Hond sai Meeschter opmierksam ginn an ass sengem Hond nogaangen, sou datt hien de Rochus fonnt huet. Hien huet en zereck an d'Stad bruecht, wou de Rochus konnt geheelt ginn.
Nodeem hien erem doheem zu Montpellier ukomm war gouf en an de Prisong gehait, well hie fir e Spioun gehale gouf. Opgrond vu senge Lainzeechen, dei hie vu senger Peschterkrankung dovugedroen hat, ass hien namlech net mei eremkannt ginn. Hien huet sain Numm awer net verroden, well hien net wollt fraigelooss ginn, nemme well seng Elteren sou aflossraich gewiescht waren. Sou ass hien no fennef Joer am Prison da gestuerwen. No sengem Doud hunn d'Leit vu Montpellier hien dunn eremkannt: hien hat ee kraizformege Scheinheetsfleck op senger Broscht, deen d'Leit vu Montpellier du mat him a Verbindung bruecht hunn.
De Rochus gett mat enger Peschtbells um Been duergestallt, ob dei hie weist. Meeschtens huet hien e Pilgerhutt un an ee Wanderstaf an der Hand. E weideren Attribut ass den Hond, deen him Brout bruecht huet. Heiansdo gett en och mat engem
Engel
duergestallt, well enger anerer Versioun vun der Legend no huet en Engel sech em hie gekemmert, wei hie krank war.
De Rochus gett ugebiet:
Hien ass de
Patreiner
vun de Peschtkranken, den Invaliden, den zu onrecht Ugekloten, vun den Hausdeieren a vun de Chirurgen.