한국   대만   중국   일본 
Robert Kayser ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Robert Kayser

Vu Wikipedia
Robert Kayser
Gebuer 10. September 1921
Letzebuerg
Gestuerwen 25. Abrell 1998
Breissel
Nationaliteit Letzebuerg
Aktiviteit Offizeier
Famill
Kanner Edouard Marc Kayser

De Jean Alphonse Robert ('Bob') Kayser , gebuer den 10. September 1921 an der Stad Letzebuerg a gestuerwen de 25. Abrell 1998 zu Breissel , war en Offizeier , BEMS ('Brevete d'Etudes militaires superieures'), vun der Letzebuerger Armei (bis 1976); duerno war hien am Dengscht vun den Affaires etrangeres vu Letzebuerg (1983-1992) zu Stockholm , respektiv zu Wien .

Hie war mat enger franseischer Offizeieschduechter bestuet an hat fennef Kanner.

Formatioun a Karriar [ anneren | Quelltext anneren ]

1940: "Matura" am Kolleisch "Mariahilf" vu Schwyz (CH) wou hien Internatsschuler war.

1941-42: Zwee Semesteren op der Technescher Universiteit vu Karlsruhe (Maschinnebau); dunn, gezwongenerweis, "Reichsarbeitsdienst".

Oktober 1942: an d' Wehrmacht zwangsrekruteiert; zu Kustrin (haut Polen ) zum Panzergrenadeier ausgebilt.

1943-45: de Bob Kayser hat d'Chance, an Italien un d'Front gescheckt ze ginn. Beim Volturno -Floss, an der Geigend vun Neapel , dreckt hie vun der Wehrmacht un a kennt bei d'Amerikaner. Iwwer en Transitlager an Algerie kennt hien dunn an England wou hie sech fraiwelleg an d'" Brigade Piron " mellt. De Rescht vum Krich erlieft hien an de Reie vun der " Luxembourg Battery ", dei eng vun den drai Artillerie-Batterie vun der "Brigade Piron" gebilt huet.

Am Mee 1944 gouf de Bob Kayser an eng OCTU (Officer Cadet Training Unit) ugeholl, konnt awer sai Studium do ereischt am Februar 1945, no senger Bedeelegung un de Kampf an der Normandie an un der Campagne vu Frankraich - Belsch - Holland , ophuelen. No senger Formatioun an der OCTU gouf hien als Offizeieschaspirant an dei jonk Letzebuerger Armei integreiert.

1946/47 & 1948/49: Studium op der ETH vun Zurich (Weiderbildung vun zwei Semesteren op der Sektioun vun de militaresche Wessenschaften) a verschidden aner Leiergang a Stagen (e. a. en 'All Arms Tactical Course' am Formatiounszentrum vun der brittescher Rhainarmei bei Paderborn ). Duerno ass de Leitnant Bob Kayser zeng Meint beim 2. letzebuergesche Batailloun zu Beibreg , enner dem Kommando vum Majouer Albrecht. Hie kennt dunn an den Etat-Major an d'Stad a gett uganks Maerz 1949, als Vertrieder vum Grand-Duche, an den integreierten allieierten Etat-Major gescheckt, deen nom Breisseler Pakt zu Fontainebleau (F) installeiert gi war, a vum brittesche Feldmarschall Bernard L. Montgomery dirigeiert gouf. Zu Fontainebleau hat hien dacks Kontakt mam Generol a speidere 'Marechal de France' Jean de Lattre de Tassigny a mam Generol Andre Navereau .

16. Juni 1950: Bestietnes mat der Louise Ducros vu Fontainebleau, Duechter vun engem franseischen Artilleriescommandant ("Chef d'Escadron") dee laang op der Ecole d'application de l'artillerie dozeiert hat.

Oktober 1950: zereck an der Stad kritt de Bob Kayser eng Affektatioun am 4. Buro (Logistik).

9. Mee 1951: Ernennung zum Eischte Leitnant.

1954: 'Field Grade Officer Course' vu fennef Meint an der Infanterie-Schoul zu Fort Benning , Georgia (USA). Zereck zu Letzebuerg kennt de Bob an den 3. Buro (Instruktioun, Organisatioun an Operatiounen). Gett zum Kapitan ernannt.

1957: kommandeiert dat 6. Batailloun vun der Letzebuerger Armei.

1958-60: Studium op der 'Ecole superieure de Guerre' vu Parais (72. Promotioun); 'Brevete d'Etudes militaires superieures' (BEMS).

1961: Commandant en second vum Centre d'Instruction de l'Armee um Harebierg zu Dikrech .

Enn 1962 gett de Majouer Bob Kayser un de 'Commandement du Territoire' am Sennenger Schlass affekteiert ('Bataillon d'intervention mobile').

Vum Dezember 1965 un ass hie militaresche Conseiller am Armeisministere enner dem deemolege Minister Marcel Fischbach .

1967-72: nom Ofschafe vum obligatoresche Militardengscht an der Reorganisatioun vun der Armei (enner dem Lt-Colonel 'Miko' Mayer als de facto Chef d'Etat-Major) gett de Majouer Bob Kayser Kommandant vum 'Centre d'Instruction de l'Armee' um Harebierg (Dikrech).

Enn 1972-September 1976: de Bob Kayser gett Permanente Letzebuerger Vertrieder am Militaresche Kommitee vun der NATO , zu Breissel, an Nationale Militaresche Vertrieder vu Letzebuerg am SHAPE (Supreme Headquarters Allied Powers Europe), zu Casteau bei Mons , an och Militaresche Conseiller vun der Permanenter Delegatioun vum Grand-Duche am Nordatlantik-Rot (Breissel).

1976: de Bob Kayser gett als Lt-Colonel pensioneiert.

Enn 1983 gett de Lt-Colonel (BEMS) honoraire Bob Kayser vun der Regierung ( Colette Flesch , Ausseministesch) op Stockholm gescheckt, an zwar als Chef adjoint vun der letzebuergescher Delegatioun bei der KSZE (Konferenz fir Secherheet an Zesummenaarbecht an Europa). Dobai handelt et sech em eng Suite vum Helsinki-Prozess .

1986: no drai Joer zu Stockholm gett de Bob Kayser mat deene selwechte Funktiounen op Wien fir eng nei KSZE-Ronn gescheckt. Do bleift hie gutt fennef Joer ier hie sech definitiv aus dem aktive Liewen zereckzitt. Sai Liewensowend verbrengt hien tescht Letzebuerg a Breissel.

De Bob Kayser hat eng ganz Retsch vu letzebuergeschen an auslannesche Krichsdekoratiounen, Uerden an aner Medailen.

Publikatiounen (Auswiel) [ anneren | Quelltext anneren ]

  • La Contre-Offensive des Ardennes (dite aussi de Von Rundstedt) ; mat engem Virwuert vum Generol de Lattre de Tassigny  ; Letzebuerg (Imprimerie Bourg-Bourger), ouni Datum (1950?); 26 S..
  • (mam Jacques Dollar ): Histoire de la "Luxembourg Battery" ; mat engem Virwuert vum Generol Jacques Massu  ; erausgi mat der Ennerstetzung vum Ministere de la Force publique a vum Conseil national de la Resistance; Letzebuerg (Drock: Imprimerie centrale), 1982; 200 Saiten.
  • La "Luxembourg Battery" dans le cadre general des evenements de 1944 ; in: Luxemburger Wort, Jg. 135 (1982), Nr. 290 => Ausgab vum 16. Dezember 1982, S. 15, 5 Kaarten.
  • Avant d'entrer dans la danse...: la "Luxembourg Battery" dans l'attente du debarquement ; in: Luxemburger Marienkalender, Jg. 114 (1995), Ss. 48-54, ill., Bibliogr..

Literatur [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Henri Koch-Kent , Sie boten Trotz (1939-1945) - Luxemburger im Freiheitskampf ; Letzebuerg (Imprimerie Hermann), 1974; vgl. Ss. 310-320.
  • Guy Weber (Lt-Colonel), Evades - Voyageurs sans passeport ; Breissel, Louis Musin editeur, 1979; vgl. Ss. 28-29.
  • (vl), Ein Kapitel Resistenzgeschichte - Das Buch: Histoire de la "Luxembourg Battery" von Jacques Dollar und Robert Kayser wurde vorgestellt ; in: Luxemburger Wort, Ausgab vum 16. Oktober 1982.
  • L'"Histoire de la 'Luxembourg Battery'" presentee a la caserne du Herrenberg ; in: Le Republicain lorrain, Ausgab vum 20. Oktober 1982
  • Jacques Dollar, Le General de Lattre de Tassigny et le Luxembourg ; Sonnerdrock vun engem Artikel, deen de 6. Mee 1999 an de Kultursaite vun der Dageszeitung 'La Voix du Luxembourg' erauskoum.