De
Robert Doisneau
, gebuer de
14. Abrell
1912
zu
Gentilly
a gestuerwen den
1. Abrell
1994
zu
Parais
, war e
franseische
Fotograf
. Hien ass beruumt fir seng Schnappschess vun Alldagszeenen aus dem Paraisser Liewen.
De Robert Doisneau huet op der
Ecole Estienne
zu Parais en Diplom fir
Lithographie
a
Gravur
gemaach an duerno 1929 ugefaangen, berufflech als Fotograf ze schaffen. Sain eischte Fotoreportage gouf 1932 gedreckt. 1934 gouf e Fotograf bei der
Renault
-Fabrick zu
Boulogne-Billancourt
. Zanter 1939 huet e fraiberufflech geschafft.
Um Enn vum Zweete Weltkrich war hie Fotograf vun der
Resistance
an huet e. a. d'Befreiung vu Parais, am Summer 1944, dokumenteiert. 1946-1949 huet hie fir d'Agence Rapho als Fotoreporter geschafft. Vun 1949 bis 1952 huet hie fir
Vogue
Fotoe gemaach, virdrun an duerno och fir
Life
,
Paris Match
, Realites, Point de Vue, Regards
an aner Illustriert. Eng ganz Retsch Portraite vu bekannte Perseinlechkeete wei de
Pablo Picasso
, de
Fernand Leger
, de
Georges Braque
oder den
Orson Welles
si sou entstanen.
[1]
Am bekanntste gouf den Doineau awer fir seng Biller, dei en an de Stroosse vu Parais gemaach huet, wou en dei "einfach" Leit an hirem Alldag geknipst huet. Ronn 350.000 Fotoen huet en am Laf vun de Joerzengte gemaach. Eng dovun,
Le baiser de l'
Hotel de Ville
(1950), ass weltbekannt; se weist eng Koppel, dei sech virum
Paraisser Stadhaus
e Kuss gett. Allerdengs war dat kee Schnappschoss, mee se war mat enger Koppel Konschtstudenten inszeneiert.
- 1945:
Imprimeries Clandestines
. Le Point, Lanzac Par Souillac.
- 1976:
Das Paris von Robert Doisneau und Max-Pol Fouchet
. Volk und Welt, Berlin.
- 1980:
Drei Sekunden Ewigkeit
. Schirmer Mosel, Munchen,
ISBN 3-88814-847-2
.
- 2010:
Mein Paris
. Schirmer/Mosel, Munchen 2010,
ISBN 978-3-8296-0502-1
.
- ↑
Kalenderblatt
op dradio.de vum 14.4.2012