Mat
Rafle du Velodrome d'hiver
oder
Rafle du Vel' d'hiv'
ass eng Razzia gemengt, bei dar de 16. a 17. Juli
1942
dei franseisch Police eng 13.000
Judden
(dorenner iwwer 4.000 Kanner) aus
Parais
an der Emgeigend festegeholl huet an am
Velodrome d'Hiver
(
Vel' d'Hiv
genannt) fir e puer Deeg agepercht huet, ier se dann, iwwer Sammellagere baussent Parais, an d'
Vernichtungslager
an Osteuropa deporteiert goufen.
D'Plang vun der Deportatioun vu virun allem
apatriden
an auslannesche Judde goufen zesumme vu franseische Beamte vum
Vichy-Regime
a vun daitschen, 1942 enner dem Code-Numm
Operation Vent printanier
ausgeschafft. Dei meescht vun hinne ware Fluchtlingen aus Osteuropa, Daitschland, Eistraich an aus der Tschechoslowakei. D'
Rafle
war iwwerhaapt ereischt meiglech ginn, well en Dekreet vun der daitscher Besatzung vum 21. September 1940, d'jiddesch Bevelkerung an der
Besater Zon
gedoen hat, sech registreieren ze loossen (zenter 1874 gouf et keng Regeschteren iwwer Reliounszougeheieregkeet). D'franseisch Police krut d'Lescht vun de betraffene Leit,
Fichier Tulard
genannt (nom
Andre Tulard
, dem Chef vun den "Affaires juives" an der Paraisser Prefecture).
D'Rafle du Vel' d'Hiv war net dei eischt
Rafle
vu jiddesche Leit a Frankraich. Schonn de 14. Mee 1941 goufen eng 4.000 Manner festgeholl an op d'
Gare d'Austerlitz
bruecht, vu wou se op
Pithiviers
a
Beaune-La-Rolande
bruecht goufen.
De
Rene Bousquet
, Generalsekretar vun der Police nationale, an de
Louis Darquier de Pellepoix
, Chef vun den "Affaires juives" sinn de 4. Juli 1942 an d'Haaptquarteier vun der
Gestapo
gaangen, fir d'Ausfeierung mam
Theodor Dannecker
an dem
Helmut Knochen
vun der
SS
ze beschwatzen. Si ware vun aneren heichrangeche Policeoffizieier begleet. D'Rafle gouf e puer Deeg no hanne verluecht, fir net mam
Quatorze juillet
zesummenzefalen, deen zwar net gefeiert huet dierfe ginn, mee 't wollt ee keng Onroue provozeieren. Fir et der franseischer Police manner "
penibel
" (sou de Bousquet) ze maachen, gouf decideiert, nemme Judden, dei keng Fransouse wieren, festzehuelen.
Op d'mannst 4.500 franseisch Poliziste waren un der
Rafle
bedeelegt. Der
Prefecture de police
no goufen am Ganzen 13.152 Leit festgeholl, dorenner 5.802 (44%) Fraen an 4.051 (31%) Kanner. Eng onbekannt Zuel vu Leit, dei entweeder vun der Resistenz gewarnt goufen, sech bei Nopere verstoppe konnten, oder well verschidde Polizisten (express oder net) sech net extra geflass hunn, konnten der Rafle entwutschen.
Dei meescht vun de verhafte Leit goufen an engem
Velodrom
zesummegepercht, enner deem sengem gliesenen Daach et daagsiwwer vun Hetzt bal net auszehale war. Et gouf keng Toiletten, just ee Krunn mat Waasser, an dei weineg Hellefsorganisatiounen, dei erbaigeruff goufen, konnte just weineg Waasser an Iesse brengen. 5 Deeg waren d'Leit do agespaart, an 30 vun hinne sinn do gestuerwen (e puer dovun hu sech d'Liewe geholl). Dei Erwuesse goufe schliisslech a Gefaangenelageren zu
Drancy
,
Beaune-la-Rolande
a
Pithiviers
bruecht, vu wou aus se da mat Zich an d'
KZ Auschwitz-Birkenau
transporteiert goufen.
D'Bedeelegung vun der franseischer Vichy-Regierung an der franseischer Police un dar Aktioun war nom Krich Joerzengte laang en
Tabuthema
a Frankraich. Ereischt de 16. Juli 1995 huet sech den deemolege Staatspresident
Jacques Chirac
effentlech entschellegt.
[1]
Ee Joer virdrun, 1994, war op dar Plaz, wou bis 1959 de Velodrom stoung, e Monument mat enger Commemoratiounsplack ageweit ginn. D'Monument ass vum Architekt
Mario Azagury
a vum polnesche Sculpteur
Walter Spitzer
, deen Auschwitz iwwerlieft huet.
Zenter ongefeier dem Joer 2000 ass de 16. Juli oder de Sonndeg dono eng
Journee nationale a la memoire des victimes des crimes racistes et antisemites de l'Etat francais et d'hommage aux ≪Justes≫ de France.
- Maurice Rajsfus:
Jeudi noir
. L'Harmattan, Paris 1988,
ISBN 2-7384-0039-6
.
- Maurice Rajsfus:
La Rafle du Vel' d'Hiv’
, Que sais-je ?, editions PUF.
- Erik Orsenna:
L'Exposition coloniale
, France loisirs, Paris 1988,
ISBN 2-7242-4362-5
, Kapitel
Velodrome d'hiver
- Claude Levy, Paul Tillard:
La Grande rafle du Vel d'Hiv (16 juillet 1942)
. Robert Laffont, Paris 1967 (frz.). Als Taschebuch: 2002,
ISBN 2-221-09750-5
- Daniel Goldenberg, Gabriel Wachman:
Evade du Vel'd'Hiv.
Calmann-Levy, Paris 2006.
ISBN 978-2-7021-3651-5
.
- Kathe Hirsch:
Im Pariser Sammellager Velodrome d'Hiver.
In: Hanna Schramm, Barbara Vormeier (Hrsg.):
Menschen in Gurs. Erinnerungen an ein franzosisches Internierungslager 1940 ? 1941.
Annexe mat Dokumenter iwwer dei franseisch Interneierungspolitik S. 246 - 384. Heintz, Worms 1977,
ISBN 3-921333-13-X
, S. 332 - 334. (=
Deutsches Exil 1933 - 1945
, Band 13)
- Serge Klarsfeld:
Vichy-Auschwitz: Le role de Vichy dans la Solution Finale de la question Juive en France- 1942.
Paris: Fayard, 1983.
- Annette Muller, Manek Muller:
La petite fille du Vel d'Hiv. Du camp d'internement de Beaune-la-Rolande 1942 a la maison d'enfants du Mans 1947.
Cercil, Paris 2010
ISBN 2950756174
; wieder
Hachette
, 2012
ISBN 2013232918
(Zaitzeien)
- ↑
"Allocution de M. Jacques CHIRAC President de la Republique prononcee lors des ceremonies commemorant la grande rafle des 16 et 17 juillet 1942 (Paris)."