Quartier latin

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Quartier Latin )
D' Universite de la Sorbonne vun der Place de la Sorbonne aus.
De Palais du Luxembourg vum Jardin du Luxembourg aus.

De Quartier latin ( letz. : latengesche Quartier ) ass den traditionelle Studentequartier zu Parais . Den Numm kennt dohier, well d'Studenten an hir Professeren op der Sorbonne freier Latain geschwat hunn. De Quartier latin ass awer kee Quartier am administrative Senn.

Den historeschen Zentrum vum Quartier latin ass d' Sorbonne an e lait am 5. a 6. Arrondissement vu Parais.

An de Quartier een iwwer d' Metrosstatiounen : Saint-Michel , Cluny-La Sorbonne .

De Qartier ass haut ganz touristesch beaflosst, an huet eng sellege Stroosse mat Bistroen, Cafeen a Souvenirsbuttecker.

Ma och d'Studente sinn nach emmer do, wat virun allem un der heijer Konzentratioun vu Schoule lait, dei et di gett. Nieft der Sorbonne sinn d'Gebaier vun der Universite Paris II Pantheon Assas , vum Campus de Jussieu (mat den Universiteite Paris VI a Paris VII ), der Paris III Sorbonne-Nouvelle , dem College de France an der Bibliotheik Sainte-Genevieve . Ausserdeem sinn dei prestigieis an historesch Lyceeen a Collegen ( Louis-le-Grand , Henri-IV , Saint-Louis , Stanislas , Fenelon , Montaigne ...) a verschidde Grandes ecoles ( Mines , Beaux Arts , Ecole normale superieure , an den Institut superieur d'electronique de Paris (ISEP) an deem Quartier. D'Librairien am Quartier hu sech dann och ganz op hir, greisstendeels, Studenteclientele spezialiseiert.

An de 60er Joren a virun allem am Mee 1968 war de Quartier latin ee vun den Zentre vun de Studentebeweegungen.

Als Uspillung op de Paraisser Quartier heescht zu Koln an Daitschland de Beraich ronderem de Rathenauplatz an den nerdlechen Deel vun der Zulpicher Straße am Stadtdeel Neustadt-Sud , Kwartier Latang .

Kuckeswaertes am Quartier latin [ anneren | Quelltext anneren ]

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Portal vu Parais  ? All d'Artikelen op deser Wikipedia iwwer Parais .