Pjotr Iljitsch Tschaikowski

Vu Wikipedia
Pjotr Iljitsch Tschaikowski
Gebuer 25. Abrell 1840 jul.
Wotkinsk
Gestuerwen 25. Oktober 1893 jul.
Sankt Peitersbuerg
Doudesursaach Cholera
Nationaliteit Russescht Keeserraich
Aktiviteit Komponist , Librettist, Dirigent, Choreograph, Musekspedagog, Pianist , Autobiograph, Musekskritiker, Diarist, Iwwersetzer, Universiteitsprofesser

De Pjotr Iljitsch Tschaikowski ( Пётр Ильич Чайковский ), gebuer de 7. Mee 1840 zu Wotkinsk a gestuerwen de 6. November 1893 zu Sankt Peitersbuerg , war e russesche Komponist.

Schonn zu senge Liefzaite ware vill vu senge Wierker international bekannt. Haut ziele se zu de bedeitenste vun der Romantik.

Den Tschaikowski ass schonn am Alter vun 53 Joer gestuerwen, seng Doudesursaach konnt bis haut net eendeiteg geklaert ginn. Et sinn der dei mengen et wier Cholera , anerer mengen en hatt sech selwer mat Arsen vergeft weinst senger Homosexualiteit . Beid Theorie ginn awer kritiseiert, soudatt eng drett eischter d'Faveure vun der Tschaikowski-Fuerschung huet: Uramie als Folleg vun der asiatescher Cholera.

Wierker (Auswiel) [ anneren | Quelltext anneren ]

Operen [ anneren | Quelltext anneren ]

  • De Wojewode (Воевода), 1867/68
  • D'Undine (Ундина), 1869, verschollen
  • Den Opritschnik (Опричник) ? Oper a 4 Akten nom Lashetschnikow (1870?1872), Libretto: P. Tschaikowski, eischt Opfeirung: St. Peitersbuerg 1874
  • Wakula de Schmadd op. 14 (Кузнец Вакула) ? Oper an 3 Akten nom Gogol (1874), Libretto: J. P. Polonski, eischt Opfeirung: St. Peitersbuerg 1876
  • Eugen Onegin op. 24 (Евгений Онегин) ? Oper an 3 Akten nom Puschkin (1877/1878), Libretto: P. Tschaikowski a K. S. Schilowski, eischt Opfeirung: Moskau 1879
  • D'Joffer vun Orleans ? Oper a 4 Akten nom Schiller (1878/1879), Libretto: P. Tschaikowski, eischt Opfeirung: St. Peitersbuerg 1881
  • Mazeppa ? Oper an 3 Akten nom Puschkin (1881?1883), Libretto: W. P. Burenin, eischt Opfeirung: Moskau 1884
  • D'Zauberin ("Tscharodeika") ? Oper a 4 Akten nom I. W. Schpashinski (1885?1887), Libretto: I. W. Schpashinski, eischt Opfeirung: St. Peitersbuerg 1887
  • Pique Dame op. 68 ? Oper an 3 Akten nom Puschkin (1890), Libretto: M. a P. Tschaikowski, eischt Opfeirung: St. Peitersbuerg 1890
  • Jolanthe op. 69 ? Oper an engem Akt nom Hertz (1891), Libretto: M. Tschaikowski, eischt Opfeirung: St. Peitersbuerg 1892
em 1868
1888
Fotoen

Balleten [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Schwanesei op. 20 ? Ballet a 4 Akten (1875/1876), Libretto: Wladimir P. Begitschew und Wassili Geltzer, eischt Opfeirung: Moskau 1877
  • Dornroschen op. 66 ? Ballet an 3 Akten nom Perrault , Libretto: Iwan Alexandrowitsch Wsewoloschski, eischt Opfeirung: St. Peitersbuerg 1890
  • Den Nossknacker op. 71 ? Ballet an 2 Akten nom E. T. A. Hoffmann , Libretto: M. Petipa , eischt Opfeirung: St. Peitersbuerg 1892

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Pyotr Ilyich Tchaikovsky ? Biller, Videoen oder Audiodateien