|
Desen Artikel beschaftegt sech mat dem Architekt Pierre Funck. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl.
Pierre Funck
.
|
De
Pierre Funck
, gebuer den
30. Abrell
1846
[3]
,
[4]
,
[5]
an der
Stad Letzebuerg
, an och do gestuerwen den
8. Mee
1932
[6]
, war e
letzebuergeschen
Architekt
.
Hien huet op der
Ecole des beaux-arts
zu
Parais
Architektur
studeiert an do en Diplom gemaach.
Vun him sinn de
Konvikt
, d'Gebaier vun der
Champagenerkellerei Mercier
, d'
Letelliers-Schlass
um
Ousterholz
an zesumme mam
Paul Funck
dat aalt Gebai vun der
Banque internationale a Luxembourg
entworf an ausgefeiert ginn. Zesumme mat sengem Jong Paul Funck huet en de Stater
Cercle Municipal
, zesumme mam Munchener Architekt
Max Ostenrieder
, d'
Schlass vu Colmer-Bierg
, an zesumme mat sengem Schweierpapp, dem Architekt
Jean-Francois Eydt
, d'
Badanstalt
an der Biedergaass an der Stad Letzebuerg vun 1873 bis 1875
[7]
gebaut.
Den 10. September
1880
war hie Matgrenner vun der
Societe Anonyme du ≪Casino de Luxembourg≫
.
[8]
Hien huet zesumme mam
Pierre Kemp
tescht 1880 an 1882 de
Casino Luxembourg
an der Enneschtgaass gebaut.
Beim Bau vun der
Fondation Pescatore
huet hien, zesumme mam Pierre Kemp, d'Aarbechte geleet. A
Loutrengen
huet en eng ganz Retsch Gebaier fir Schmelzen an hir Direktioune gebaut, an zu
Saarbrecken
an zu
Metz
d'Haiser vun der Banque Internationale. Och eng ganz Rei Haiser zu Letzebuerg si vun him geplangt ginn, sou z. B. d'
Servais-Haus
um Stater Boulevard Royal oder de
Conrotseck
um Krautmaart.
Den 12. Marz 1896 war hien, zesumme mat sengem Brudder
Michel
Matgrenner vun der
Societe anonyme des hauts-fourneaux de Differdange
.
[9]
De 26. Juni
1896
war hie Matgrenner vun der
Societe Anonyme ≪des ardoisieres d'Asselborn≫
.
[10]
1899 huet hien zou
Beyren
d'
Primarschoul
gebaut.
[11]
1903 huet hien d'
Kierch
an d'
Parhaus
zu
Hunchereng
gebaut.
[12]
,
[13]
,
[14]
Den Pierre Funck huet och eng Rei Patenter deposeiert. Sou huet hien zesummen mam
Mannheimer
Ingenieur an Architekt
Peter Bender
, Patenter ugemellt fir d'Aiskellere vun de Brauereien ze killen.
[15]
,
[16]
Mam
Jean-Pierre Cito
huet hi Patenter ugemellt fir d'Kupplunge vun der Eisebunnsgefierer mei secher ze maachen.
[17]
,
[18]
,
[19]
,
[20]
,
[21]
,
[22]
,
[23]
De Pierre Funck ass um
Nikloskierfecht
um
Lampertsbierg
begruewen, zesummen am Familljegraf mat sengem Schweierpapp, dem Jean-Francois Eydt, a sengem Fils, dem
Paul Funck
.
Sain
Enkel
, den
Herbert Funck
, huet d'
Dr. Martens
-Schong mat entweckelt.
Seng
Niess
, d'Adolphine Funck war mam
Ernest Vander Linden
bestuet a seng Neveue waren de
Karl
an de
Paul Bonatz
, och bekannt Architekten.
Sai Monni war den
Nicolas Funck
.
- Gilbert, P.
, 1986.
La capitale et ses architectes: illustration critique de l'architecture dans la metamorphose d'une ville en un siecle.
Institut grand-ducal, section des arts et des lettres, 222 S. Imprimerie Saint-Paul.
BNL
LB 1061, S. 159
- Philippart, R.
, 2007.
Pierre Funck (1846-1932).
In (S. 116):
Luxembourg. Historicisme et identite visuelle d'une capitale.
207 S. editions saint-paul.
ISBN 978-2-87963-694-8
- Kunnert, Jemp
, 1987.
Les architectes de la ville de 1817 a 1987
. ons stad 24, S. 6-10.
[1]
- ↑
Cf, den Datum am Steen ganz uewen um Gebai.
- ↑
Den Numm vum Architekt ass, riets enner dem Ecktuerm, iwwer der Pieta, an de Stee gemeesselt.
- ↑
Gebuertsakt 178/1846 an der Stad Letzebuerg vum Pierre (Peter) Funck
- ↑
Pierre Gilbert,
La capitale et ses architectes: illustration critique de l'architecture dans la metamorphose d'une ville en un siecle.
Institut grand-ducal, section des arts et des lettres, S. 159
- ↑
Etat Civil vun der Stad Letzebuerg Gebuertsakt 178/1846 Sait 187
- ↑
Doudesannonce vum Pierre Funck am Luxemburger Wort vum 11. Mee 1932
- ↑
Les architectes de la ville 1817-1987 :
Jemp Kunnert
ons stad 24/1987
, 1987.
- ↑
Memorial A N° 66 vum 23. September 1880
- ↑
Memorial A N° 29 vum 19. Mee 1896
- ↑
Memorial A N° 44 vum 16. Juli 1896
- ↑
renovation-de-batiments-desaffectes-pour-le-locatif-social-ancienne-ecole-de-beyren-flaxweiler
Archiveiert
de(n) 2019-08-20. Gekuckt de(n) 2019-06-10.
- ↑
Großherzogtum
an der
Obermosel-Zeitung
vum 28. Februar 1902, Sait 2
- ↑
Großherzogtum
an der
Obermosel-Zeitung
vum 27. Juni 1902, Sait 2
- ↑
Lokal-Neuigkeiten
am
Luxemburger Wort
vum 7. Oktober 1903, Sait 3
- ↑
Memorial A N° 33 vum 7. Mee 1881
- ↑
Memorial A N° 48 vum 20. September 1884
- ↑
Memorial A N° 52 vum 1. Oktober 1887
- ↑
Memorial A N° 52 vum 5. Abrell 1888
- ↑
Memorial A N° 58 vum 31. Dezember 1889
- ↑
Memorial A N° 6 vum 8. Februar 1890
- ↑
Memorial A N° 11 vum 6. Maerz 1890
- ↑
Memorial A N° 71 vum 30. Dezember 1892
- ↑
Memorial A N° 59 vum 30. September 1896
- ↑
Memorial A N° 50 vum 23. Juli 1904
mat enger Lescht vu Leit dei am Ordre de la couronne de chene dekoreiert goufen
- ↑
Lokales
am
Luxemburger Wort
vum 20. September 1911, Sait 3