De
Pierre Berchem
, gebuer de
16. Dezember
1929
an der
Stad Letzebuerg
a gestuerwen den
1. Mee
2019
zu
Krautem
[1]
, war e letzebuergesche
Moler
a
Sculpteur
.
Hie koum aus enger Kenschtlerfamill, sai Papp de
Leo Berchem
war Schreftsteller a Folklorist, sai Grousspapp den
Antoine Jans
, e bekannte
Parzelainsmoler
.
Sai Secondaire hat hien an der
Handwierkerschoul
zu
Letzebuerg
gemaach, wou hie beim Professer
Jean-Pierre Calteux
Molerei
geleiert huet. Duerno goung hien op d'
Academie des Beaux Arts vu Leck
, wou hie beim Professer
Marceau Gillard
Skulptur studeiert huet. Hien huet och zu
Parais
am Atelier vum
Andre Del Debbio
geschafft.
Senger Wierker fennt een am
Nationalmusee fir Geschicht a Konscht
zu Letzebuerg.
- Berchem, P.,
Pierre Berchem - sculptures - dessins - peintures
. Luxembourg: Saint-Paul, 2009
ISBN 978-2-87996-612-0
- Anthologie des Arts au Luxembourg, Editions Borschette, 1992
- Henri Hanlet in
Revue
19-05-1973
- ↑
Doudesannonce am
Luxemburger Wort
vum 21. Mee 2019
- ↑
Des personnalites de la vie culturelle et artistique a l’honneur - Remise de decorations a la Bibliotheque nationale
am Luxemburger Wort vum 25. Juni 1976 op der Sait 10 op eluxemburgensia.lu