한국   대만   중국   일본 
Orca ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Orca

Vu Wikipedia
Orca

Systematik
Raich : Deiereraich
Stamm : Chordata
Klass : Mamendeieren
Iwweruerdnung: Laurasiatheria
Uerdnung : Cetacea (Walen)
Enneruerdnung: Odontoceti (Zannwalen)
Famill : Delphinidae
Gattung : Orcinus
Aart : Orca
Wessenschaftlechen Numm
Orcinus orca
Linnaeus , 1758]
Greisseverglach mat engem Daucher.

Den Orca ( Orcinus orca ), och alt Schwaertwal genannt, ass eng Wal aart aus der Famill vun den Delfinen (Delphinidae). Si kennt op der ganzer Wlet vir, wann s'och Gewasser laanscht d'Kusten, eischter an de mei heije Breedegraden, de Virzock gett.

Orcae si sozial Deieren, dei eng komplex Populatiounsstruktur opfweises hunn. Si si generalistesch Fleeschfresser , dei virun allem Fesch, Mamendeieren aus dem Mier, wei z. B. Robben a geleeentlech och aner Waler joen a friessen.

Charakteristiken [ anneren | Quelltext anneren ]

Den Orca ass dei greisst Aart vu Walen. D'Mannche gi bis bis 9,8 m laang, d'Kei (d'Weibercher) hechstens 8,5 m. Se brengen et op e Gewiicht bis op 6,6 t. Si hunn eng opfalleg, bis zu 1,8 m heich draieckeg Reckefloss (dohier den Numm Schwaertwal ). D'paddelfermeg Flipperen gi bei de Mannercher ronn 2 m laang, bei de Weibercher 1,5 m. D'Schwanzfloss gett bis zu bis zu 2,8 m breet an ass hanne konkav.

Charakteristesch ass hir kontrasteiert schwaarz-waiss Fierwung. De Reck ass schwaarz, iwwerdeems de Bauch an e Fleck hannert den Ae waiss ass. D'Faarverdeelung varieiert no Ekotyp.

Als Jeeer hu si e kraftegt Gegeck, mat op all Kifer-Hallschecht 10?14 koneschen Zann vun 2,5?5 cm Duerchmiesser, am Ganze sinn et der 40?56.

Verbreedung [ anneren | Quelltext anneren ]

Verbreedung vum Orca (blo).

Den Orca kennt an alle Mierer vun der Welt vir, ma ass eischter seelen an den tropesche Breeten. Dei greisst Populatioune sinn am Nordpazifik, Nordatlantik an an de Polarmierer ze fannen. Dei meescht liewen e groussen Deel vun der Zait no bei de Kusten. Am Atlantik ronderem Europa kennt d'Aart virun allem an Norwege vir. Et gett se och ronderem Gronland , Island , Jan Mayen , d' Faroer , d' Biereninsel , Franz-Josef-Land , Spitzbergen , Nowaja Semlja , d' Brittesch Inselen am nerdlechen Nordmier . Am sudlechen Nordmier, wei viru Schweden, Danemark, Daitschland oder Holland ass den Orca eischter sielen, grad esou wei am Baltesche Mier oder am Aermelkanal . Just heiansdo gett dat eent oder anert Exemplar am Mettelmier observeiert, dat aus dem Atlantik dohigeschwommen ass,

Am Zock vun der globaler Erwiermung an domat verbonnen dem Reckgang vum Ais ginn Orcaen emmer mei dacks an arktesche Regiounen observeiert, wou se e Friesskonkurrent zum Aisbier kenne ginn.

Ekotypen [ anneren | Quelltext anneren ]

Bis ewell goufen 10 sougenannt Ekotypen identifizeiert: Fennef op der Nord- a fennef op der Sudhallefkugel. Des ennerscheede sech vun eneen duerch hiert soziaalt Behuelen, hir Friess- a Juegdgewunnechten an och zum Deel duerch hiert Ausgesinn.

Behuelen [ anneren | Quelltext anneren ]

0 0 Dest Kapitel ass nach eidel oder onvollstanneg. Helleft wgl. mat, fir et ze kompletteieren.