Ombudsmann

Vu Wikipedia
Desen Artikel ass ereischt just eng Skizz . Wann Dir mei iwwer dest Theema wesst, sidd Dir haerzlech inviteiert, aus dese puer Satz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hellef braucht, da luusst bis an d' FAQ eran.

En Ombudsmann , w.: Ombudsfra , fr: mediateur, mediatrice , ass e Vermettler, dee vun enger offizieller Sait (z. B. enger Regierung oder engem Parlament) agesat gouf, fir d'Interesse vun de Bierger ze vertrieden, andeems se Plainte vun eenzele Bierger iwwer Ofleef an den Administratiounen nogeet a versicht, eng Leisung ze fannen.

Do dernieft gett et och Mediateuren, dei net vu Regierungen agesat goufen, an dei fir Verainer, NGOen , Beruffsorganisatiounen (wei z. B. dei vu Banken oder Telecoms-Entreprisen), asw. schaffen.

D'Wuert Ombudsman , am haitege Senn, kennt aus dem Schweedeschen , wou et zanter 1809 e parlamentaresche Mediateur gett. Vum Jean-Claude Juncker ass de Begreff "Knoutermann", resp. "Knouterfra" an enger Regierungserklarung als letzebuergesch Iwwersetzung proposeiert ginn; e gett awer bis ewell kaum gebraucht.

Letzebuerger Ombudsmann [ anneren | Quelltext anneren ]

Den Ombudsmann, Mediateur [ anneren | Quelltext anneren ]

De letzebuergeschen Ombudsmann gouf duerch d'Gesetz vum 22. August 2003 agesat. [1]

Den 1. Mee 2004 gouf de Marc Fischbach zum eischten Ombudsmann zu Letzebuerg vun der Chamber gewielt.

Den 1. Februar 2012 gouf d' Lydie Err sain Nofollger. [2] No hir koum den 1. Abrell 2017 d' Claudia Monti op dei Plaz. [3]

Den Ombudsmann fir d'Rechter fir Kanner a Jugendlecher [ anneren | Quelltext anneren ]

De Letzebuerger Ombudsmann fir Kanner a Jugendlecher gouf duerch d'Gesetz vum 1. Abrell 2020 agesat. [4]

Zanter dem 1. Februar 2020 ass de Charel Schmit Ombudsmann. Virun him war de Rene Schlechter den 1. Ombudsmann.

Literatur [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Udo Kempf and Marco Mille: "The role and the function of the Ombudsman: Personalised parliamentary control in forty-eight different states." In: Linda C. Reif (ed.): The International Ombudsmen Anthology. Selected writings from the international Ombudsmen Institute , Kluwer Law international 1999, S.195-226. ISBN 9041104909 Op Google Books

Kuckt och [ anneren | Quelltext anneren ]

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Referenzen [ Quelltext anneren ]

  1. Loi du 22 aout 2003 instituant un mediateur
  2. "Lydie Err: En emotionalen Depart aus der Chamber." RTL.lu - 01.02.2012, 07:00 | Fir d'lescht aktualiseiert: 01.02.2012, 08:03.
  3. "Claudia Monti folgt auf Lydie Err." wort.lu, 21. Marz 2017 um 14:05.
  4. Loi du 1er avril 2020 instituant l'Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher