Den
Norbert Etringer
, gebuer de
4. November
1913
zu
Leiweng
a gestuerwen den
23. Januar
2001
[1]
an der
Stad Letzebuerg
, war e
letzebuergeschen
Douanesbeamten
,
Lokalhistoriker
an Auteur. Hien huet op
Daitsch
geschriwwen.
Nieft enger ganzer Retsch vun Artikelen iwwer den
Tourismus
, d'
Gastronomie
an de
Folklore
, huet hie Kuerzgeschichten an Novellen, an eng Geschicht vum
Kino
zu Letzebuerg geschriwwen
Hie war Korrespondent vum
Radio RTL Letzebuerg
a vun enger Retsch vun
Zeitungen
an
Zaitschreften
.
Den Norbert Etringer ass um
Lampertsbierg
(1919-1923) an zu
Hollerech
(1923-1926) an d'Schoul gaangen. No zwee Joer an der deemoleger Industrieschoul (haut de
Stater Jongelycee
) huet hien eng Leier an der Firma
Paul Wurth
gemaach. 1937 ass hie bei d'Douane gewiesselt, wou hie bis zu senger Pensioun bliwwen ass.
Am
Zweete Weltkrich
war hien an der Douanesschoul zu
Bautzen
(1941) an huet op engem Chantier am
Rheinland
geschafft.
Nom Krich war hien Douanesbeamten zu
Schengen
,
Esch-Uelzecht
a
Bouneweg
.
1983 gouf hie
Membre correspondant
vun der
Section historique
vum
Institut grand-ducal
.
Hie war Mataarbechter vu
Radio RTL Letzebuerg
a Korrespondent vum
Luxemburger Wort
,
Dem Biergmann
, dem
Letzebuerger Sonndesblad
, dem
Republicain Lorrain
,
ons stad
an der
Revue
.
[2]
Seng literaresch Texter huet den Norbert Etringer verstanen als Erennerung un ausgestuerwe Beruffer (
Schrotthandler
,
Scheiereschleffer
), d'Gebraicher an d'Liewensweis vun de Leit. Aner Schweierpunkte sinn d'Beschreiwung vun der
Natur
an de
Landschaften
, dat an
Daitschland
(
Marsch
) an zu Letzebuerg (der
Muselg
eigend).
Weider Theme sinn d'Kulturgeschicht vu Letzebuerg, virun allem d'Geschicht vum
Kino
an den Zinemaen, d'Krichshandlungen am Zweete Weltkrich, d'Gastronomie, den Turismus an de Folklor.
Den Norbert Etringer huet d'Chronike vun de
Paren
an de
Gemenge
vu
Schengen
(1956),
Biermereng
(1981) an
Hollerech
(1983) geschriwwen.
- 1964:
Sterne uber der Marsch. Novelle in einer Landschaft
. Mat Fiederzeechnunge vun der
Ger Maas
. (Nei Oplo am Joer 1993, Editions Emile Borschette, Christnach, 38 Saiten).
[3]
- 1965:
Inauguration du monument aux morts 1940-1945 Hollerich 26 septembre 1965
. Dreckerei Jos Ewen, Letzebuerg-Hollerech. 64 S.
- 1983:
Hollerich: Vom Dorf zur Industriegemeinde
. ons stad 14, S. 4-6.
PDF
- 1984:
Es gab einmal einen steinernen Zirkus auf Limpertsberg
. ons stad 18, S. 5.
- 1989:
Liebes, altes Hollerich.
Verlag Emile Borschette, 172 S. Dreckerei Joseph Beffort, Letzebuerg.
- 1992:
Die Schobermesse. So war sie fruher
. Editions Emile Borschette, Christnach, 197 S.
- 1994:
Vorstadtfruhling
. ons stad 45, S. 26-27.
- 1997:
Spatlese
. Ed. Borschette, 69 S.
- Conter, C.D.
, 2007.
Etringer, Norbert
. In: Luxemburger Autorenlexikon, S. 152.
- Hausemer, G.
, 2004.
Etringer, Norbert
. In:
Luxemburger Lexikon
, S. 109. Editions Guy Binsfeld, Letzebuerg.
- Anonym, 2001.
Norbert Etringer, Lokalhistoriker und langjahriger LW-Mitarbeiter, gestorben.
Luxemburger Wort
vum 25. Januar 2001, S. 7.
- Anonym, 2001.
Lokalhistoriker Norbert Etringer (88) verstorben
.
Tageblatt
vum 25. Januar 2001.
- Anonym, 2001.
In memoriam Norbert Etringer
. ons stad 61, S. 31.
- K.M., 1993.
Norbert Etringer: ein Lokalhistoriker wurde 80.
Tageblatt 1993, Nr. 261 (16. November), S. 14.
- ↑
De
Luxemburger Autorenlexikon
(S. 152) an de
Luxemburger Lexikon
(S. 109) ginn den 23. Januar als Stiewesdatum, an
ons stad
(61 S. 31) steet iertemlecherweis de 24. Januar.
- ↑
D'biographesch Donneee baseieren um Text vum Artikel am
Luxemburger Autorenlexikon
(2007).
- ↑
Kuck: pl., 1993.
Behutsames Landschafts- und Seelenspiel: zur Neuauflage von "Sterne uber der Marsch" von Norbert Etringer.
Die Warte 1993, Nr. 35 (9. Dezember), S. 2.