Administration des douanes et accises (Letzebuerg)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Douane )
Administration des douanes et accises
Logo vun der Letzebuerger Douane
Douane
Land Letzebuerg
Secteur Zoll
Leedung Alain Bellot
Verwaltungssetz Hamm
Adress 22, rue de Bitbourg
L-1273 Letzebuerg
Ennersteet der/dem Finanzministere
Um Spaweck https://douanes.public.lu
Knapplach-Ofzeechen

D' Administration des douanes et accises , oder kuerz d' Douane , ass nieft der Steierverwaltung ( Administration des contributions directes ), dem Enregistrement ( Administration de l'enregistrement, des domaines et de la TVA ) an dem Kadaster ( Administration du cadastre et de la topographie ), eng Verwaltung , dei dem Finanzministere ennersteet.

Geschicht [ anneren | Quelltext anneren ]

Direktere vun der Douanesverwaltung [1] [ anneren | Quelltext anneren ]

An der Zait wou Letzebuerg Member vum daitschen Zollverain war (18. Februar 1842 - 30 Dezember 1918)

  • 1. Abrell 1842 bis 1. August 1847: Gustav Schob
  • 1. August 1847 bis 4. Mee 1856: Karl, Freiherr von Reibnitz [2]
  • 1. September 1856 bis 1. Oktober 1857: Karl Theodor Olberg
  • 1. Oktober 1857 bis 1. Abrell 1869: Wolf August von Lessing
  • 1. Abrell 1869 bis 1. Januar 1876: Keller-Holl
  • 1. Januar 1876 bis Juli 1887: Hermannn Julius Stadler
  • 1. August 1887 bis 1. Juni 1893: Loehning
  • 1. Juni 1893 bis 1. Januar 1919: Auguste Jungebloedt

Duerno a bis zur Kreatioun vun der Belsch-Letzebuerger Wirtschaftsunioun :

  • 1. Februar 1919 bis 1. Mee 1921: Norbert Dumont (als Member vun der Regierung mat der Gestioun vun der Douane chargeiert)

No der Kreatioun vun der Belsch-Letzebuerger Wirtschaftsunioun:

Aufgaben [ anneren | Quelltext anneren ]

D'Douane ass eng Verwaltung dei souwuel fiskal (= Erhiewe vu Steieren respektiv Taxen ) wei och net-fiskal Aufgaben huet.

Fiskal Aufgaben [ anneren | Quelltext anneren ]

D'Douane erhieft Zollsteiere fir d' Europaesch Unioun (EU) op Wueren, dei aus Net-EU-Lanner iwwer Letzebuerg an den Europaesche Bannemaart importeiert ginn. Tescht de Lanner vun der EU brauch zanter 1968 keen Zoll mei bezuelt ze ginn.

Den Zoll gett vun der EU per Reglement festgeluecht a gett an der gesamter Europaescher Unioun d'selwecht erhuewen. 25 % vum Zoll daerf Letzebuerg hale fir d'Onkaschte vum Ophiewe vun de Steieren ze decken. Dei aner 75 % ginn an de Budget vun der Europaescher Unioun.

Net-fiskal Aufgaben [ anneren | Quelltext anneren ]

0 0 Dest Kapitel ass nach eidel oder onvollstanneg. Helleft wgl. mat, fir et ze kompletteieren.

Opbau a Struktur [ anneren | Quelltext anneren ]

Volkswagen Caddy, Douanes

Direkter [ anneren | Quelltext anneren ]

Zanter dem 4. Februar 2008 ass den Alain Bellot Direkter vun der Douanes- an Akziseverwaltung [3] .

Inspektiounen [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Transport
    • Brigade zu Letzebuerg (um Centre Douanier P+R Sud)
    • Brigade zu Waasserbelleg
  • Sante
    • Brigade zu Schengen
    • Brigade zu Dikrech
  • ITM/Environnement
    • Brigade zu Dikrech
    • Brigade zu Rodange
  • Findel
    • Buro Letzebuerg-Flughafen
    • Brigade de Surveillance Passagers
    • Brigade Controle-Fret
  • Support
    • Motorrads-Brigade zu Capellen
    • Brigade zu Freiseng
    • Brigade Scanner um Centre Douanier
  • Anti-Drogues
    • Brigade de recherches et d'appui cynotechnique (BRC)
    • Brigade de recherches et d'investigations (BRI)

Recette Buroen [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Autossteier (zu Miersch)
  • Centre Douanier (um P&R Lux-Sud)
  • Centre de tri-Beetebuerg (nemme Pack vun der Post)
  • Esch Uelzecht
  • Dikrech
  • Letzebuerg - Accises (nemmen Tubak an Energiesteieren Elektresch, Gaz, Ueleg a Bensinn um P&R Lux-Sud)
  • Letzebuerg-Fluchhafen
  • Maertert

Literatur [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Die deutsche Zollverwaltung in Luxemburg 1940 bis 1944 - Versuch einer Rekonstruktion , Detlev Zukarelli, Asbl "Letzebuerger Douane's Gewerkschaft - LDG", 2008, ISBN 978-2-9599-735-1-2
  • La douane luxembourgeoise - hier et aujourd'hui , 2007, Jean-Pierre Reuter an aner Auteuren, ASBL "Musee des douanes et accises, Petange, Heintz, 236 S., ISBN 978-2-9599735-0-5

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Administration des douanes et accises (Letzebuerg) ? Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen [ Quelltext anneren ]

  1. 'Les directeurs de l'Administration des douanes depuis le Zollverein jusqu'a nos jours' vum Joseph Schuller an '1889-1989: Centenaire: Caisse mutuelle de secours en cas de deces des fonctionnaires et employes de la douane du Grand-Duche de Luxembourg'. - [1989] P. 166-167
  2. [1] Hemecht]. Gekuckt de(n) 21 januar 2022.
  3. Administration des Douanes et Accises - Nomination. - Legilux . legilux.public.lu . Gekuckt de(n) 2021-07-17.