De Paschtouer
Nicolas-Louis de Lacaille
, gebuer de
15. Maerz
1713
zu
Rumigny
an der
Thierache
, a gestuerwen den
21. Maerz
1762
zu
Parais
, war e
franseischen
Astronom a Mathematiker. D'Nimm vu 15 vun den 88
Starebiller
si vun him.
Um Ufank huet de Lacaille
Theologie
studeiert; no an no huet e sech awer mei em d'
Mathematik
an em d'
Astronomie
gekemmert, an en huet mat der Theologie ganz opgehalen. Dem
Jacques Cassini
huet en
1739
gehollef de Paraisser
Meridian
ze vermoossen, a
1741
gouf e Member vun der Paraisser Academie.
De Leierstull fir Mathematik am
College Mazarin
huet e
1746
kritt a seng Fuerschungen hunn haaptsachlech ronderem d'Verbesserung vun de Starekatalogen an den astronomeschen Tableaue gedreint.
1750
ass hie fir veier Joer op de
Kap vun der gudder Hoffnung
gereest, fir d'
Parallax
e vum
Mound
, der
Venus
an dem
Mars
ze berechnen. Seng Positiounsberechungen hunn dozou baigedroen, d'Distanze fir dei Himmelkierpere mei genee ze bestemmen. En huet d'Starebiller am A behalen an en huet a sengem
Coelum Australe Stelliferum
, dat
1763
publizeiert gouf, bal 10.000
Stare
katalogiseiert. Et war de Lacaille, deen d'Galaxie
Messier 83
entdeckt huet, dei mei speit an de
Messier-Katalog
vum Astronom
Charles Messier
opgeholl gouf.
Zu dar Zait huet hien ee
Breedegrad
vun der sudlecher
Hemisphar
ausgemooss a
Landkaarte
gezeechent vun der Insel
Mauritius
, dei Zait
Ile de France
, a vun der
Ile de La Reunion
, deemools
Ile de Bourbon
.
Hien ass
1754
nees op Parais zereckkomm a bis un d'Enn vu sengem Liewen ass hie mat senge Fuerschunge virugefuer.
Dei Positiounsmiessunge vu
Fixstaren
, dei hien a
Sudafrika
gemaach hat, hunn dem
Isaac Newton
seng Hypothees beluecht, datt d'
Aerd
keng
Kugel
ass, ma duerch d'
Zentrifugalkraaft
beim
Equator
mei e groussen Duerchmiesser misst hunn, wei vu
Pol
zu Pol gemooss. De Lacaille ass awer zum Resultat komm, datt d'Bombeieren op der Sudhemisphar mei flaach wier, wei op der nerdlecher Hallefkugel. Dat gett de
Meridian-Problem
genannt.
Dei haiteg Nimm vun de Starebiller (letzebuergeschen Numm, op Latain an d'international Ofkierzong), deenen hiren Numm vum Lacaille "erfonnt" goufe sinn:
- Pneumatesch Maschinn, Antlia, Ant
- Meessel, Caelum, Cae
- Zirkel, Circinus, Cir
- Uewen, Fornax, For
- Auer, Horologium, Hor
- Desch, Mensa, Men
- Mikroskop, Microscopium, Mic
- Meck, Musca, Mus
- Reegel, Norma, Nor
- Oktant, Octans, Oct
- Moler, Pictor, Pic
- Kompass, Pyxis, Pyx
- Netz, Reticulum, Ret
- Skulpter, Sculptor, Scl
- Teleskop, Telescopium, Tel
Dem de Lacaille zu Eieren ass och den
Asteroid
91351 op sain Numm embenannt ginn.
- Lecons d'astronomie
(Parais, 1746; nei erausgi vum
Jerome Lalande
, Parais 1780)
- Ephemerides des mouvements celestes depuis 1745?75
(Paris 1745?63, weidergefouert vum Lalande)
- Astronomiae fundamenta
(Parais 1757)
- Observations faites au cap de Bonne-Esperance
(Parais 1763)
- Coelum australe stelliferum
(erausgi vum
Giovanni Domenico Maraldi
, Parais 1763)
- Observations sur 515 etoiles du zodiaque
(erausgi vum
Jean Sylvain Bailly
, Parais 1763)
- Tables solaires
(Parais 1758)
- Tables de logarithmes
(Parais 1760)
Portal Astronomie