|
Desen Artikel beschaftegt sech mat dem Diddelenger Poltiker a Gewerkschaftler Nicolas Biever. Fir de Veianer Politiker an Entreprener Nicolas Biwer (1871-1944), kuckt wgl.
Nicolas Biwer
.
|
Den
Nicolas Biever
, genannt
Nic Biever
, gebuer den
22. Mee
1894
zu
Diddeleng
an och do gestuerwen de
15. Juli
1965
, war e
letzebuergesche
Gewerkschaftler
a
Politiker
.
Den Nic Biever war Aarbechter op
Arbed Diddeleng
. Am Februar
1919
gouf hie Sekretar vun der Verbandssektioun Diddeleng vum
Luxemburger Berg- und Metallindustriearbeiter-Verband
(LBMV), an am
Februar
1920
ee vun den zwein haaptamtleche Sekretare vum LBMV. Vun
1938
u war hie President vum Verband.
De
14. Oktober
1924
gouf den Nic Biever Member vum Diddelenger
Gemengerot
an ass et och bliwwe bis 1951. Vun 1928 bis 1934 a vun 1928 bis 1934 war e
Schaffen
. Den
1. Maerz
1925
gouf hien als Deputeierte vun der
Letzebuerger Aarbechterpartei
an d'
Chamber
gewielt. Ausser an de Krichsjoren
1940
-
44
an dei Zait, wou e Minister war, sollt hien dest Amt baibehalen. Den 12. Maerz 1945 gouf hien als freieren Deputeierte Member vun der
Assemblee consultative
genannt.
Vum
3. Juli
1951
bis den
1. Februar
1959
war hien Aarbechtsminister an de Regierunge
Dupong-Bodson
a
Bech-Bodson
, an erem vum
15. Juli
1964
bis zu sengem Doud, de
15. Juli
1965
, an der
Regierung Werner-Cravatte
.
Hie gouf den 31. Mee 1930 mat der
Cecile Wagner
bestuet.
[1]
- eng Strooss zu
Rodange
: rue Nicolas Biever (PLZ 4807)
- eng Strooss zu
Esch
: rue Nicolas Biever (PLZ 4033)
- eng Strooss zu
Diddeleng
: rue Nic. Biever (PLZ 3425)
- eng Strooss zu
Beetebuerg
: rue Nicolas Biever (PLZ 3210)
- de
Lycee Nic-Biever
zu Diddeleng
- Durlet, Jos
,
Nic. Biever, Sein Leben - von der Wiege bis zur Bahre
, Esch-sur-Alzette: editpress 1990.
ISBN 2-87964-008-3
- Haag, Emil
, 2011.
De Nic Biever a Joseph Daleiden: l'evolution du syndicalisme
, In:
Une reussite originale - Le Luxembourg au fil des siecles
; Letzebuerg (Editions Guy Binsfeld), 2011; 576 Saiten (ill.);
ISBN 978-2-87954-235-5
, Ss 518-527.
- ↑
(de)
Lokalneuigkeiten
.
viewer.eluxemburgensia.lu
3.
Escher Tageblatt
(2. Juni 1930). Gekuckt de(n) 2024-04-27.
- ↑
Ordre de la Couronne de chene Auszeechnungen 1960 Memorial A N° 17 vun 1960
Archiveiert
de(n) 2014-04-21. Gekuckt de(n) 2012-12-30.