Minutes to Midnight
ass de veierte
Studiosalbum
vun der
kalifornescher
Rockband
Linkin Park
. D'Plack koum de 14. Mee 2007 an d'Butteker. Si gouf vum
Rick Rubin
an dem
Mike Shinoda
produzeiert.
Den Album war e grousse Risiko fir dei an der Teschenzait weltbekannt Band Linkin Park, well si ganz vun hirem ale Stil, dem
Nu Metal
, ofgewach sinn. D'Lidder si vill mei roueg wei virdrun, an dat beruumt Gemesch vum
Chester Bennington
sengem Gesang an dem
Mike Shinoda
sengem
Rap
ass bis op ee Lidd (
Bleed It Out
) net mei present. Och dem Chester Bennington seng Scream-Alage si guer net mei ze fannen. A ville vun de Lidder gett dat deemolegt Politikgescheie kritiseiert.
Den Album war trotzdeem e kommerziellen Erfolleg. E stoung enner anerem an den
US-amerikaneschen
, den
daitschen
, de
franseischen
, de
japaneschen
an de
britteschen
Albumcharts op der Plaz 1. Bei de Musekskritiker ass den Album op gemeschte Gefiller gestouss.
[1]
D'Musekzaitschreft
Rolling Stone
huet
Minutes to Midnight
ennert dei 50 bescht Museksalbumen vun 2007 gewielt.
[2]
Am Ganze goufe fennef Singelen ausgekoppelt:
What I've Done
(2007),
Bleed It Out
(2007),
Shadow of the Day
(2007),
Given Up
(2008) a
Leave Out All the Rest
(2008).
Den Titel vum Album bezitt sech op d'
Atomkrichsauer
(op englesch:
Doomsday Clock
), dei d'"Minutte bis Hallefnuecht", also d'Zait bis zum Weltennergank duerch d'Zersteierung mat Atomwaffen, duerstellt. Dat gett och an hire Videoen an Texter gewisen; esou kann een kann een am Ufank vum Videoclip zum Lidd
Shadow of the Day
e Radiowecker gesinn, bei deem d'Zeigeren zum Schluss vum Lidd kuerz virun 12 stinn.
Titel
|
Langt
|
Wake
|
1:40
|
Given Up
|
3:09
|
Leave Out All the Rest
|
3:29
|
Bleed It Out
|
2:44
|
Shadow of the Day
|
4:52
|
What I've Done
|
3:24
|
Hands Held High
|
3:53
|
No More Sorrow
|
3:41
|
Valentine's Day
|
3:16
|
In Between
|
3:16
|
In Pieces
|
3:38
|
The Little Things Give You Away
|
6:23
|
- ↑
Minutes to Midnight
op Metacrtic
- ↑
The Top 50 Albums of 2007
(17. Dezember 2007)