한국   대만   중국   일본 
Max Ernst ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Max Ernst

Vu Wikipedia
Max Ernst
Gebuertsnumm Maximilian Maria Ernst
Gebuer 2. Abrell 1891
Bruhl
Gestuerwen 1. Abrell 1976
7. Arrondissement
Nationaliteit Kuba , USA , Frankraich
Educatioun Universiteit Bonn
Aktiviteit Moler, Sculpteur, Dichter, Graphiker, Designer, Bijousdesigner, Graveur, Psychiater, Bauzeechner, Illustrateur, Graveur, Zeechner
Member vun Der Blaue Reiter
Famill
Bestuet mat Peggy Guggenheim

De Max Ernst , gebuer den 2. Abrell 1891 zu Bruhl a gestuerwen den 1. Abrell 1976 zu Parais , war en daitsche Kenschtler, Moler a Sculpteur.

1919 huet hien zesumme mam Johannes Baargeld an Hans Arp d'Kolner Dada-Grupp gegrennt. 1922 ass en op Parais geplennert, wou e sech mat de Surrealiste ronderem den Andre Breton zesummegedoen huet an zu engem vun de wichtegste Memberen am kenschtleresche Beraich vun dar Beweegung gouf. Um Ufank vum Zweete Weltkrich gouf en e puermol a Frankraich interneiert, konnt awer zesumme mat der Konschtmazenin Peggy Guggenheim , dei seng drett Fra gouf, 1941 an den Exil an d'USA goen. 1953 ass e mat senger veierter Fra, der Molerin Dorothea Tanning , hannescht a Frankraich wunne gaangen.

Mat senge Biller, Collagen a Skulpturen huet de Max Ernst mysterieis Bildkombinatiounen, bizarr Wiesen, dei dacks Vigel waren, a phantastesch Landschafte geschaf. Nieft sengem kenschtleresche Wierk huet hien och Gedichter geschriwwen, an autobiographesch, wei och konschttheoreetesch Texter.

D'Technike Frottage , Grattage an Drip Painting , als Oszillation entweckelt, ginn op hien zereck.

Literatur [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Werner Spies (Ed.), Max Ernst Œuvre-Katalog , sechs Bann, zesumme mat der Sigrid a Gunter Metken ; d'grafescht Wierk gouf vum H. R. Leppien beschafft. DuMont, Koln 1975?1976, Nodrock 2004, ISBN 978-3-8321-7418-7 . Band 7 Werke 1964?1969 publizeiert 2007 am selwechte Verlag enner der ISBN 978-3-8321-7606-8 .
  • Jurgen Pech (Ed.), Max Ernst. Graphische Welten , DuMont, Koln 2003, ISBN 978-3-8321-7322-7
  • Roland Penrose, Max Ernst's Celebes , University of Newcastle Upon Tyne, 1972
  • Ulrich Bischoff, Max Ernst 1891?1976. Jenseits der Malerei , Taschen, Koln 1988, ISBN 3-8228-0244-1 ; Neioplag 2009 ISBN 978-3-8228-6594-1 .
  • Ludger Derenthal a.a., Max Ernst ? Traum und Revolution , erausg. vum Werner Spies. Hatje Cantz, Ostfildern-Ruit 2008, ISBN 978-3-7757-2234-6
  • Karoline Hille, Gefahrliche Musen: Frauen um Max Ernst , Edition Ebersbach, Berlin 2007, ISBN 978-3-9387-4036-1
  • Edward Quinn, Max Ernst , Texter vum Max Ernst, Uwe M. Schneede, Patrick Waldberg, Diane Waldmann. Editions Cercle d'Art, Parais 1976
  • Werner Spies, Max Ernst. Leben und Werk , DuMont, Koln 2005, ISBN 978-3-8321-7521-4
  • Patrick Waldberg, Max Ernst , Editions Pauvert, Parais 1958
  • Gabriele Wix, Max Ernst: Maler. Dichter. Schriftsteller , Fink, Paderborn 2009, ISBN 978-3-7705-4812-5

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Max Ernst ? Biller, Videoen oder Audiodateien