한국   대만   중국   일본 
Marianne Hubert ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Marianne Hubert

Vu Wikipedia
Marianne Hubert
Gebuer 18. Juli 1964
Gestuerwen 13. Juli 2010
Nationaliteit Letzebuerg
Aktiviteit Schreftsteller

D' Marianne Hubert , den 18. Juli 1964 zu Diddeleng gebuer an den 13. Juli 2010 um Kierchbierg gestuerwen, war eng letzebuergesch Theologin .

No hirem Secondaire am Lycee Hubert-Clement huet d'Marianne Hubert kathoulesch Theologie zu Treier studeiert (1987-1992) an eppes mei speit am Beraich Moraltheologie promoveiert ( Moraltheologie im Kontext der Zeit: Beitrage zu Theemen der Moral in den 'Stimmen aus Maria Laach' der Jahre 1871 bis 1914 ). Duerno huet si am Aerzbistum an der Stad geschafft, wou si, e. a., theologesch Beroderin a Sekretarin vum Conseil episcopal , Auditrice am Bistumsoffizial a Member vun der Conference pastorale diocesaine war.

D'Marianne Hubert war Mataarbechterin a Beroderin vun der Diozesankommissioun Fra an der Kierch , Member vun Tricentenaire a.s.b.l. a Coanimatrice vum Conseil des residents vun Heeschdref . Si huet reegelmeisseg relieis oder moraltheologesch Baitrag am Luxemburger Wort publizeiert.

Publikatiounen [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Hubert, M., 2011 (Posthum). Mitten im Leben - Eine Textsammlung von Dr. Marianne Hubert . St-Paulus Dreckerei, 140 Saiten (ill.).

Literatur [ anneren | Quelltext anneren ]

  • (sjp.), Marianne Hubert †: Moraltheologin und Referentin im Bistum gestorben  ; in: Luxemburger Wort , Ausgab vum 15. Juli 2010 (Foto).