Marcel Noppeney

Vu Wikipedia
Marcel Noppeney
Gebuer 24. Abrell 1877
Letzebuerg
Gestuerwen 5. Abrell 1966
Letzebuerg
Nationaliteit Letzebuerg
Aktiviteit Schreftsteller
Marcel Noppeney (1908), Zeechnung vum Pierre Blanc an der Zaitschreft Floreal

De Marcel Noppeney , gebuer de 24. Abrell 1877 zu Letzebuerg , do gestuerwen de 5. Abrell 1966 , war e letzebuergesche Schreftsteller an Editeur.

Liewen [ anneren | Quelltext anneren ]

De Marcel Noppeney ? sai Papp, den Edmond Noppeney, war Nottar zu Deifferdeng ? ass zu Letzebuerg fir d'eischt an de Kolleisch gaangen, duerno war hien am Lycee zu Iechternach an zu Dikrech . Hien huet duerno op der Faculte de droit zu Parais Droit studeiert. Vun 1903 u war hien ofwiesselnd zu Parais an zu Letzebuerg. Hien huet d'Leedung vun der Independance luxembourgeoise iwwerholl, eng Zeitung, dei nemmen op Franseisch geschriwwe war. Hien huet sech emmer mei fir franseisch Literatur a Kulturgeschicht intresseiert. Hie war, nieft dem Frantz Clement an dem Eugene Forman , Matgrenner vun der Literaturzaitschreft Floreal . [1]

Am Eischte Weltkrich huet de Marcel Noppeney e Comite gegrennt, dee franseisch a belsch Krichsaffer ennerstetzt huet. Bal 400 Zaldoten, dei der Krichsgefaangeschaft entkomm waren, sinn zu Letzebuerg verstoppt ginn. De Marcel Noppeney huet hinne falsch Pabeiere verschaaft an d' Madame Mayrisch huet si bei der ARBED beschaftegt. De 7. Juni 1915 gouf hie vun der Feldgendarmerie verhaft. Hie gouf an drai Prozesser zum Doud verurteelt. D'Groussherzogin Marie-Adelheid ass fir hie beim daitsche Keeser interveneiert, soudatt hien net higeriicht gouf, awer fir liewenslanglech an de Prisong vun Dietz-an-der-Lahn koum. Den 21. November 1918 gouf hie befreit.

Nom Krich huet den Noppeney sech fir eng wirtschaftlech Verbindung mat Frankraich agesat. Hie gouf fir de Velkerbond Juge arbitre delegue des tribunaux arbitraux mixtes . Hien huet 600 Urteeler gefalt, dei alleguer vum Plenum vun der Jurisdiktioun bestategt goufen. 1934 war hie Matgrenner vun der SELF an 1935 vum Victor-Hugo-Comite [2] . 1935 huet hien d'Schlass vu Boufer kaaft.

Wei den Zweete Weltkrich ausgebrach ass, weigert de Marcel Noppeney sech, an d'Ausland ze fluchten. De 17. Mee 1940 gouf hie verhaft. Hie war zwei Meint am Prisong. Hien huet sech weider den Instruktioune vun de Preise widdersat, wei "heil Hitler" soen, Geld sammele fir daitsch Wierker, de Virnumm germaniseieren [3] etc. De 27. Maerz 1941 gouf hie leschten Enns verhaft a sai ganzt Vermeige gouf beschlagnaamt. No zwei Meint am Prisong gouf hien an d' KZ Dachau bruecht. Letzebuergesch an och daitsch Frenn hu verhennert, datt hie gestuerwen ass.

No der Befreiung huet hie Boufer total verwust erem fonnt. Dei greisst Privatbibliotheik aus dem Land war och verbrannt ginn. Erem hu Frenn fir hie gesuergt, soudatt hien erem zu Krafte koum. 1948 huet de Marcel Noppeney sech mat der Mado Pescatore de Villegas bestuet.

Auszeechnungen [ anneren | Quelltext anneren ]

  • De 15. Juni 1919, bei enger Receptioun am Cercle , huet de Marechal Foch perseinlech, hie mat der Croix de Chevalier vun der franseischer Eierelegioun ausgezeechent. [4]
  • Commandeur vum Ordre de la couronne de chene (Promotioun 1950) [5] [6]
  • Commandeur de la Legion d'Honneur (Promotioun 1947) [6] [7]
  • Commandeur de l'Ordre Adolphe de Nassau [6]
  • Commandeur de l'Ordre des Lettres et des Arts de France (Promotioun 1962) [8]
  • Officier d'Academie [6]
  • Medaille luxembourgeoise de la Resistance [6]
  • Medaille d'or de la Reconnaissance francaise [6]
  • Medaille de vermeil de la Reconnaissance belge [6]
  • Medaille d'argent de la Croix-Rouge francaise [6]
  • Plaquette d'or de la Charite francaise [6]
  • Plaquette d'or et de la plaquette d'argent de l'Alliance francaise [6]

Wierk [ anneren | Quelltext anneren ]

Gedichter [ anneren | Quelltext anneren ]

  • 1903: Danse macabre
  • 1907: Le Prince Avril , poesies
  • 1910: De Myrrhe, d'Encens et d'Or , poesies, floreal
  • 1920: Poemes de la Guerre et du Bagne ,
  • 1949: Signes sur le Sable , poesies
  • 1950: Stylogrammes ,

Prosa [ anneren | Quelltext anneren ]

  • 1932: Fresez , paysagiste et son Epoque , Linden et Hansen, Luxembourg
  • 1932: Des Lions de Remont aux Lions de Tremont . Histoire d'un Hotel de Ville, Joseph Beffort
  • 1933: L'Oeuvre multiple de Nicolas Liez , Linden et Hansen
  • 1934: Luxembourg 1830: La Revolution belge et la presse luxembourgeoise , Beffort
  • 1934: A Luxembourg autrefois , Beffort 3 volumes, 1934-1958, Editions SELF
  • 1939: En Luxembourg aujourd'hui , Editions SELF
  • 1950: Les dix Plaies de la Route , Editions SELF
  • 1953: Contre eux , Editions du Rappel, 1953-1955
  • 1955: Les Considerations du Baron Pic , Editions SELF
  • 1957: France-Luxembourg

Literatur [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Anonyme, 1937. Anthologie des ecrivains luxembourgeois de langue francaise . Les Cahiers luxembourgeois: revue libre des lettres, des sciences et des arts 14, n° 3/4: 277-480. P. Schroell, Luxembourg.
  • Gerard, Marcel , 1959. Anthologie francaise du Luxembourg . 328 p. Imprimerie Saint-Paul, Luxembourg.
  • Koch-Kent, Henri , 1965. Marcel Noppeney, Meister der Sprache . Revue Nr. 33: ??.
  • Koch-Kent, Henri, 1993. Henri Koch-Kent raconte... rememore, releve, rectifie . P. Kraus, Imprimerie Centrale, Luxembourg, 326 S.
  • Colotte, Franck , 2016. Marcel Noppeney. Le champion luxembourgeois de la francophonie. Publication d'une anthologie de textes de Marcel Noppeney par Frank Wilhelm. Die Warte 18|2511 vum 9. Juni 2016, S. 13.
  • Wilhelm, Frank , 2016. Anthologie de textes de Marcel Noppeney. Galerie DOK_7, editions du centre culturel de Differdange.

No him benannt [ anneren | Quelltext anneren ]

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Referenzen an Notten [ Quelltext anneren ]

  1. Floreal: revue libre d'art et de litterature. Nr. 1 (Abrell 1907) - Nr. 12 (Abrell 1908).
  2. De Victor-Hugo-Comite huet de Victor-Hugo-Literaturmusee gegrennt an ass de Virleefer vum Verain Les amis de la maison de Victor Hugo a Vianden a.s.b.l.
  3. Cf. Koch-Kent 1993, S. 178: d'Preise wollten, datt de Marcel Noppeney sain Virnumm Marcel a Marzellus annert
  4. Le marechal Foch a Luxembourg op der Sait 2 vu L'independance luxembourgeoise vum 15. Juni 1919 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 22. Dezember 2022
  5. Memorial A N°10 vun 1950 mat der Lescht vun de Leit dei am Ordre de la couronne de chene dekoreiert goufen
  6. 6,00 6,01 6,02 6,03 6,04 6,05 6,06 6,07 6,08 6,09 Doudesannonce vum Marcel Noppeney op der Sait 8 vum Luxemburger Wort vum 6. Abrell 1966 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 22. Dezember 2022
  7. Honneur a M. Marcel Noppeney op der Sait 3 vun d'Unio'n vum 2. August 1947 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 22. Dezember 2022
  8. Haute distinction op der Sait 5 vum Luxemburger Wort vum 29. Juni 1962 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 22. Juni 2022