De
Louis-Marie de Salgues, Marquis de Lescure
, gebuer zu
Versailles
den
13. Oktober
1766
, gestuerwen zu
La Pellerine
, (
Mayenne
) den
3. November
1793
war e
franseischen
Adelegen a Generol am
Krich an der Vendee
.
Hie war de Jong vum
Marie-Louis-Joseph de Lescure
an der
Jeanne de Durfort de Givrac
. D'Famill Lescure koum ursprenglech aus dem
Albigeois
, wou nach virun der
Franseischer Revolutioun
d'Schlass um Ufer vum
Tarn
ze gesi war. Sai Papp ass
1784
gestuerwen, an huet sengem Jong net vill hannerlooss, bal d'ganz Vermeige war verspillt.
De Louis Marie de Lescure huet et trotzalledem geschafft
1791
duerch d'Hochzait mat senger
Kusin
Victoire de Donnissan
eng gutt Partie ze maachen. Hie war de Cousin vum
Henri du Vergier de La Rochejacquelein
, engem aneren Held vum
Krich an der Vendee
. De Journalist
Pierre Lescure
ass ee vu sengen Nokommen.
De Lescure war e Schuler an der
Militarschoul
. Wei hie mat 16 Joer an d'Welt vun den Erwuessene komm ass, war hie ganz anescht wei aner Jugendlecher a sengem Alter a vu sengem Stand. Hie war schei an huet net vill geschwat ; hien huet souzesoen isoleiert an der Mett vun enger lieweger a frivoler Gesellschaft gelieft. Hie war och zimmlech fromm. Kuerz virun der
Revolutioun
krut hien eng Kavaleriescompagnie am
Regiment vu Piemont
.
Um Ufank vun der
Revolutioun
war de jonken Offizeier, deen eng grouss Kultur hat an drai Sprooche geschwat huet, net komplett geint dei nei Iddien.
Zu dar Zait hat d'Emigratioun schonn ugefaangen. De Lescure a vill aner Gentilshommes vum
Bas-Poitou
wollten desem Beispill net onbedengt nogoen. Allerdengs krut hien nom
Fluchtversuch op Varennes
Angscht, agespaart ze ginn, well hien dem Kinnek trei war, an hien ass fir eng kuerz Zait am
Juni
1791
emigreiert. Nees zereck a Frankraich war hien ee vun de Verdeedeger vum
Louis XVI.
bei den Evenementer vum
10. August 1792
. Duerno huet hie sech op sai Schlass vu
Clisson
(
Poitou
) zereckgezunn, a vill vu senger Famill empfaangen, dei vu
Parais
a virun der
Terreur
geflucht waren.
D'Bauere vum
Poitou
dei schonn an hirer
relieiser
Meenung blesseiert gi waren, a gesinn hunn, wei d'grouss Proprietar verfollegt goufen, waren elo duerch d'
Levee en masse
och un der Rei. Si wollten neg follegen, an hu sech revolteiert ; hiren eischte Gedanke war et, hir Haren als Cheffen erauszesichen: d'Bauere ronderem Chatillon sinn op Clisson bei de Lescure komm, fir de
La Rochejaquelein
, sai Cousin, sichen ze kommen, dee Lannereien an hire Paren hat.
Nodeem de
La Rochejaquelein
fort war, an d'Bauere ronderem Clisson lues a lues noginn hunn, war de Lescure de republikanesche Verfollegungen ausgeliwwert: hie gouf mat senger ganzer Famill an de Prisong zu
Bressuire
bruecht. No e puer Deeg koum hien awer nees frai, d'
Armei vun der Vendee
huet Bressuire ageholl. Vun do un huet hien zu den eischte Cheffe vun deser Armei gezielt, d'Bauere vu sengem Kanton sinn him gefollegt.
Nodeem den Triumph vun der Revolutioun decideiert gi war, ass de Lescure an d'
Vendee
gaangen, an huet den eischten Opstand ugesteppelt. Vun Ufank un an op de Wonsch vu senge Baueren, huet hie sech un d'Spetzt vum
Opstand
gestallt.
Schonn an den eischten Deeg huet hien d'Vendeens iwwerrascht, andeems hien als eischten op eng barrikadeiert Breck virun
Thouars
gestiermt ass, dei vu republikaneschen Truppe bewaacht gi war (
25. Mee
1793
). Hien ass och a
Fontenay
gestiermt, och wann d'Leit an engem eischte Moment net nogezu sinn, well hie presseiert war, d'Prisoneier ze befreien (
16. Mee
1793
). Zu
Saumur
gouf hie blesseiert, ma d'Stad konnt ageholl ginn. An der
Schluecht vun Tiffauges
, der leschter grousser Victoire vun de Vendeens um rietsen Ufer vun der
Loire
huet de Lescure de Baueren entgeint geruff: ≪
Y-a-t-il quatre cents hommes assez braves pour venir perir avec moi? - Oui, monsieur le marquis !
≫ hunn d'Leit aus der Par vun
Echaubrognes
geentwert. No dem Versuch
Nantes
unzegraifen (
29. Juni
1793
) huet sech de Lescure zu
Bussieres
installeiert, vu wou aus hie versicht huet, d'verspreeten Truppe vun der
Kathoulesch a kinneklecher Armei
nees zesummenzeruffen.
Mei Informatioun doriwwer am Artikel:
Krich an der Vendee
.
Nodeem hien aus sengem Generalquarteier vum
Francois-Joseph Westermann
verdriwwe gi war, gouf hie bei
La Tremblaye
deidlech blesseiert, a gouf vu senge Manner nom Desaster vu
Cholet
matgeschleeft (
Viree de Galerne
).
De Lescure huet awer weiderhi Rotschlei ginn, an et gouf Hoffnungen, datt seng Blessure net ze vill schlemm wier. Hien huet dozou baigedroen, datt de
La Rochejaquelein
zum Chef vun der Armei ernannt ginn ass. Nodeem d'Armei iwwer d'
Loire
komm war, ass hie weider mat hinnen duerch den
Anjou
an duerch d'
Bretagne
gezunn. Seng Blessure ass allerdengs emmer mei schlemm ginn.
An de
Memoires
vu senger Wittfra erzielt si dei laang Agonie vu sengem Doud. De Lescure, deen och "
Saint du Poitou
" genannt ginn ass, ass ennerwee tescht
Ernee
a
Fougeres
den
3. November
1793
gestuerwen. Hie gouf op enger onbekannter Plaz begruewen, warscheinlech fir Evenementer wei beim
Bonchamps
ze verhenneren, deem d'Republikaner no sengem Doud de Kapp erofgeschlo haten, fir en un d'
Convention
ze schecken.
Seng Fra, dei mat him an d'
Vendee
gezu war, gouf mei speit als Wittfra enner dem Numm
M
me
de La Rochejacquelein
beruumt. Si war am Exil bis
1816
an huet um Ufank vun der
Restauratioun
hir
Memoires
vereffentlecht.
Mei Informatioun doriwwer am Artikel:
Viree de Galerne
.
- ≪ Louis Marie de Lescure ≫ in: Charles Mullie,
Biographie des celebrites militaires des armees de terre et de mer de 1789 a 1850
, 1852.
- ≪ Louis Marie de Lescure ≫ in: Louis-Gabriel Michaud,
Biographie universelle ancienne et moderne: histoire par ordre alphabetique de la vie publique et privee de tous les hommes avec la collaboration de plus de 300 savants et litterateurs francais ou etrangers
, 1843-1865.