|
Desen Artikel beschaftegt sech mat der Krankheet Kriibs. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl.
Kriibs
.
|
|
Desen Artikel geheiert zur Serie vun de
Medezinartikelen
. Des Informatioune si fir eng allgemeng Weiderbildung geduecht, ma ersetzen
op kee Fall
en Dokter oder Apdikter! Och d'Eischt-Hellef-Rotschlei kennen op kee Fall mat engem richtegen Eischt-Hellef-Cours glaichgesat ginn!
|
Kriibs
ass den Numm vun enger Rei
Krankheeten
, dei sech duerch den onkontrolleierte Wuesstem vun
Zellen
auszeechnen an dei d'Potential hunn, sech an aneren Deeler vum
Kierper
ze verbreeden. Et gett iwwer honnert verschidden Zorte Kriibs, dei de Mensch kenne befalen. Och Deiere kenne Kriibs kreien.
[1]
Net all
Tumor
ass beisaarteg. Dei guttaarteg Tumore breede sech net am Kierper aus: Si bilde keng
Metastasen
a wuessen nemmen op dar Plaz, op dar si entstane sinn. Trotzdeem kenne si sech am schlechtste Fall och zu beisaartegen Tumeure weiderentweckelen oder si kennen esou grouss ginn, datt si Peng verursaachen oder d'
Organer
ronderem beantrachtegen.
[2]
Zu den Unzeechen a Symptomer vum Kriibs zielen enner anerem d'Optriede vun enger kriibsaarteger Mass, anormal Bluddungen,
Houscht
, deen net fortgeet, onerklarleche Gewiichtsverloscht oder Verannerungen an der Tategkeet vum
Daarm
. Dei Symptomer kennen op Kriibs hindeiten, awer och opgrond vun anere Krankheeten optrieden.
[3]
D'
Onkologie
ass d'Fachgebitt an der Medezin, dat sech mam Studium, dem Traitement, der Diagnos an der Preventioun vum Kriibs beschaftegt.
De Konsum vun
Tubak
ass eng Haaptursaach vun de vermeidbare Kriibserkrankungen. An Daitschland ginn 19 % vun de Kriibserkrankungen dem
Femmen
zougeschriwwen. Aner wichteg Facteure sinn
Iwwergewiicht
, schlecht
Ernierung
, Beweegungsmangel an Alkoholkonsum.
[4]
,
[5]
Donieft kennen och bestemmt Infektiounen, d'Expositioun geigeniwwer vun ioniseierender Stralung a schiedlech Emweltstoffer Kriibs ausleisen. 2018 goufe weltwait 13 % vun de Kriibserkrankungen
Infektiounen
zougeschriwwen, dorenner Infektioune mat
Hepatitt B
,
Hepatitt C
an den
Humane Papillomvirussen
(HPV). Tescht 5 % an 10 % vun de Kriibserkrankunge entsti weinst verierfte Gendefekter.
[6]
D'
Weltgesondheetsorganisatioun
schatzt, datt tescht 30 % a 50 % vun alle Kriibserkrankunge preveneiert kenne ginn, andeems Risikofacteuren eviteiert ginn.
[5]
Zu de Preventiounsmesure geheieren d'Oppassen op dat ideaalt Kierpergewiicht, de Konsum vu vill
Gemeis
,
Uebst
a
Vollkarproduiten
, d'Impfung geint bestemmt Infektiounskrankheeten, d'Limitatioun vum Konsum vu verschafftem roude
Fleesch
an Alkohol, d'Ophale mat Femmen an d'Eviteiere vun ze staarker Sonnenastralung.
[7]
Kriibs kann duerch bestemmt Unzeechen a Symptomer oder duerch frei Untersuchungen erkannt ginn. E gett dann an der Reegel mat Hellef vun der
Imagerie medicale
a Laboratoirestester ennersicht an duerch eng
Biopsie
bestategt.
[8]
Vill Kriibsaarte loosse sech duerch Freierkennungsuntersuchunge verhenneren. Kriibs gett dacks mat enger Kombinatioun aus
Stralentherapie
,
Operatioun
,
Chemotherapie
a geziilter Kriibstherapie behandelt. Den Traitement vu Peng a Symptomer ass eng wichteg Komponent vun der Behandlung.
Palliativmedezin
ass besonnesch wichteg fir Patiente mat fortgeschratte Kriibserkrankungen.
2012 gouf et weltwait ronn 14,1 Milliounen nei registreiert Kriibsfall, ouni den Hautkriibs, dee kee
Melanoma
ass, matzezielen.
[9]
D'Krankheet ass verantwortlech fir ongefeier 8,2 Milliounen Doudesfall pro Joer. Dei heefegst Kriibsaarte beim Mensch varieiere mat der Regioun. Bei de Manner waren et 2012 weltwait de
Longen-
(16,7 %),
Prostatt-
(15 %),
Daarm-
(10 %),
Mo-
(8,5 %) a
Liewerkriibs
(7,5 %). Bei der Frae waren et
Broscht-
(25,2 %), Daarm- (9,2 %), Longen- (8,7 %),
Gebarmutterhals-
(7, 9%) a Mokriibs (4,8 %).
[9]
Bei de Kanner kommen
akut lymphatesch Leukemie
an akut Gehiertumoren am heefegsten vir, ausser an
Afrika
sudlech vun der
Sahara
, wou Kanner mei dacks
Non-Hodgkin-Lymphomer
a
Kaposi-Sarkomer
entweckelen, well si an dar Regioun speziellen Infektiounskrankheeten ausgesat sinn.
[10]
2012 gouf bei geschaten 165.000 Kanner enner 15 Joer Kriibs diagnostizeiert.
[9]
De Kriibsrisiko klemmt daitlech mam Alter. Vill Kriibsaarten trieden an den Industrielanner weinst dem verannerte Liewensstil an dem mei heijen Alter mei dacks op.
[11]
De Kriibsrisiko ass an den Industrielanner mei heich wei an den anere Lanner.
[12]
Zu Letzebuerger ginn all Joer ongefeier 3.000 nei Kriibserkrankungen diagnostizeiert. All Joer stierwe ronn 1.100 Leit am Land u Kriibs, wat ongefeier ee Veierel vun allen Doudesfall representeiert. Bei de Manner ass Kriibs dei heefegst Doudesursaach, bei de Fraen dei zweetheefegst. 2023 gouf geschat, datt 18.000 Awunner vu Letzebuerg oder bal 3&nsbp;% vun der Bevelkerung mat Kriibs gelieft hunn.
[13]
- ↑
Tiere und Krebs - aus die Maus?
, Den Ins!der,
Fondation Cancer
, N° 81 (Maerz 2020)
- ↑
advigon.com:
Unterschied: Gutartiger Tumor & bosartiger Tumor - Es ist nicht immer gleich Krebs!
- ↑
nhs.uk:
Signs and symptoms: Cancer Fact Sheet
- ↑
Zentrum fur Krebsregisterdaten:
Krebs gesamt
(30. Dezember 2022)
- ↑
5,0
5,1
Weltgesondheetsorganisatioun
(WHO):
Cancer
(3. Februar 2022)
- ↑
Better Health Cahnnel:
Cancer and heredity
- ↑
D. M. Parkin, L. Boyd, L. C. Walker:
The fraction of cancer attributable to lifestyle and environmental factors in the UK in 2010
; British Journal of Cancer; 6. Dezember 2011; 105 (Suppl 2): S77?S81.
- ↑
Stanford Medicine Healthcare:
How Is Cancer Diagnosed?
- ↑
9,0
9,1
9,2
WHO:
World Cancer Report 2014
, Sait 16-17
- ↑
World Cancer Report 2014
, Sait 70
- ↑
World Cancer Report 2014
, Sait 20
- ↑
World Cancer Report 2014
, Sait 55
- ↑
Letzebuerger Gesondheetsministere (MSAN):
Le Luxembourg lance un sondage national des personnes atteintes du cancer dans le but d'ameliorer la qualite des soins
(11. Januar 2023)