De
Konstantinos Mitsotakis
(
gr.
: Κωνσταντ?νο? Μητσοτ?κη?, gebuer den
18. Oktober
1918
zu
Chania
, op
Kreta
, a gestuerwen den
29. Mee
2017
zu
Athen
, war e griichesche Politiker. Hie war vum Abrell 1990 bis den Oktober 1993 griichesche Ministerpresident.
Virdru war hien zanter den 1950er Jore politesch aktiv a war e. a. Wirtschafts-, Infrastruktur- an Ausseminister. Hie war den
Neveu
vum
Eleftherios Venizelos
a war bis an d'1960er Jore Member vum
Georgios Papandreou
senger
Enosis Kendrou
("Zentrumsunion"). An den 1970er Jore gouf e Member vum
Konstantinos Karamanlis
senger
Nea Dimokratia
, vun dar en 1984 President gouf.
2004 huet e sech aus der aktiver Politik zereckgezunn.
Seng Duechter, d'
Dora Bakogianni
, war vun 2006 bis 2009 Ausseministesch.