Kommunismus
ass eng
ekonomesch
a
sozial
Theorie vun enger internationaler
Gesellschaft
ouni
Klassen
, an dar jiddwereen d'selwecht fir seng Aarbecht entlount gett, an an dar d'Menschen hir Talenter zum Wuel vun der Allgemengheet asetze sollen. Et soll also eng sozial Glaichstellung vun alle Menschen erreecht ginn, andeems jiddwereen no senge Meiglechkeeten e wirtschaftleche Baitrag leescht, deen dann enner der Bevelkerung no den eenzelen Noutwennegkeete verdeelt gett. Dest ass eng
Utopie
, dei weinst der Schwacht vun de Menschen net als
Politik
an d'Praxis emgesat ka ginn. An deem Kontext ass och ze bemierken, datt et an all de sougenannte
kommunistesche Staaten
wei z. B.
Kuba
ni d'kommunistesch Theorie gouf, ma just eng extreem Form vu Sozialismus, dei dei eischt Etapp a Richtung Kommunismus duerstellt.
Sozialkritik a kommunistesch Experimenter gouf et schonn an der
Antiquiteit
an am
Mettelalter
, ma ereischt d'
Opklarung
an de revolutionare Geescht Enn des
18.
an am
19. Joerhonnert
hunn eng ganz Retsch vu greissere politeschen Antikapitalismusbeweegungen ervirbruecht. Besonnesch ervirzehiewe sinn do dem
Karl Marx
an dem
Friedrich Engels
hiert
Kommunistescht Manifest
, dat den 21. Februar
1848
zu
London
vereffentlecht gouf, an dem Marx sai
Kapital
vun
1867
. Dei Wierker enthalen eng Etud vun den deemolege Liewensverhaltnesser a vum
Kapitalismus
a schleisse mat der Fuerderung, de Kapitalismus ofzeschafen, an duerch nei kommunistesch Liewensverhaltnesser z'ersetzen, fir sou alle Klassekampf en Enn ze setzen.
Op dar Basis hu sech eng ganz Rei Streimungen entweckelt, dorenner de
Marxismus
, de
Leninismus
, de
Luxemburgismus
, de
Stalinismus
, den
Trotzkismus
, den
Titismus
(deen den 3. Wee, also e Wee tescht dem Kommunismus an dem Kapitalismus probeiert huet, auszebauen), de
Maoismus
etc. Mat der russescher
Oktoberrevolutioun
1917
an der Schafung vun der
Sowjetunioun
koum et dann och zum eischte sougenannte kommunistesche Staat, deem
China
,
Nordkorea
,
Vietnam
,
Laos
,
Kambodscha
,
Angola
a
Kuba
nokomme sollten.
Speitstens mat der Opleisung vun der
Sowjetunioun
1991
, haaptsachlech weinst onauswaichleche wirtschaftleche Problemer, huet sech dei praktesch Emsetzbarkeet vum Kommunismus awer als bis ewell onemsetzbar gewisen.