한국   대만   중국   일본 
Kierfecht ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Kierfecht

Vu Wikipedia
Den Nikloskierfecht an der Stad
Den ale Kierfecht zu Lelleg
Muslimesch Sektioun um Mareler Kierfecht
Daitschen Zaldotekierfecht a Clausen
Um Beschkierfecht zu Rued

E Kierfecht ass eng Plaz, wou dei Verstuerwe begruewen oder hir Asche versuergt oder gestreet ginn. Gemenkerhand geschitt dat am Kader vun engem relieisen oder weltleche Ritual. Kierfechter sinn effentlech Plazen, dei fir jiddereen accessibel sinn.

Kierfechter zu Letzebuerg [ anneren | Quelltext anneren ]

Traditionell hunn d'Kierfechter zu Letzebuerg zur kathoulescher Kierch geheiert a goufe gemenkerhand direkt bei der Kierch ugeluecht. Zanter 1804 gi se awer net mei vun de Paren , ma vun de Gemenge gereiert. D' chreschtlech Symboler vum Doud an der Opersteiung ( Kraiz a Kruzifix ) bleiwen awer weiderhin op de Paarten a Gebailechkeeten op de Kierfechter present. Ganz vill Griewer sinn och mat engem Kraiz dekoreiert [1] .

D' Gesetz vum 1. August 1972 [2] reegelt wei e Kierfecht ugeluecht an d' Baisetzung oder d' Anascherung vun de Verstuerwene ausgefeiert muss ginn. Dat Gesetz huet en napoleoneschen Dekreet vun 1804 [3] ersat, dee bis dohi gulteg war [4] . De Gemengerot kann och zousatzlech Bestemmunge festhalen, e. a. wei d'Griewer um Kierfecht aligneiert musse ginn. Am Fall vun enger Anascherung kennen d' Asche begruewen, an engem Kolumbarium deposeiert oder op enger speziell defineierter Streewiss an der Enceinte vum Kierfecht verstreet ginn [5] .

All Gemeng zu Letzebuerg muss op d'mannst ee Kierfecht hunn, et sief, et geife sech e puer Gemengen an engem Syndikat zesummendinn fir e gemeinsame Kierfecht ze bauen an en ze benotzen.

D'Baisetze vun engem Verstuerwenen daerf nemmen op engem Kierfecht gescheien, mat Ausnam vun de Membere vun der Groussherzoglecher Famill an dem Beschof , dei an der Krypta vun der Kathedral baigesat kenne ginn.

Fir verschidde Reliounsgemeinschafte gi besonnesch Ariichtunge virgesinn, sief et datt et eng getrennte Sektioun um Kierfecht gett, datt d'Griewer fir d' Moslem no enger spezieller Ausriichtung ugeluecht ginn oder datt Kiselsteng zur Verfugung gestallt gi fir op de jiddesche Griewer neierzeleeen.

Fir d'Baisetze vu den Asche fennt een haut op ville Kierfechter e Kolumbarium. Aner Bauwierker um Kierfecht si Kapellen , Morguen a Caveauen .

Stad Letzebuerg [ anneren | Quelltext anneren ]

Um Gebitt vun der Haaptstad gett et 16 Kierfechter, vun deenen der 14 vun der Stad Letzebuerg gereiert ginn [6] . Dei zwein aner, d' Zaldotekierfechter a Clausen an zu Hamm hunn e spezielle Statut; se gi vum Volksbund Deutsche Kriegsgraberfursorge respektiv vun der American Battle Monuments Commission gereiert.

Dei meescht Stater Kierfechter hunn hiren Ursprong an der jeeweileger Par, wei se virun der Gemengefusioune vun 1920 an den eenzele Gemenge bestoungen.

Nieft de Kierfechter gett et nach e Krematorium zu Hamm , dee vum Gemengesyndikat SICEC gereiert gett.

Beschkierfecht [ anneren | Quelltext anneren ]

0 0 Dest Kapitel ass nach eidel oder onvollstanneg. Helleft wgl. mat, fir et ze kompletteieren.

Beschkierfechter zu Letzebuerg [ anneren | Quelltext anneren ]

Nieft de ?klassesche“ Kierfechter gett et zanter den 2010er Jore Kierfechter dei an engem Besch ugeluecht sinn:

Den Emweltministere huet fennef weider Beschkierfechter guttgeheescht:

  • Conter
  • Dippech
  • Reiden op der Atert
  • Stauseigemeng

D' Natur- a Beschverwaltung huet eng Retsch Direktiven opgestallt wat d'Uleeen an d'Gestioun vun de Beschkierfechter ugeet [17] .

Jiddesch Kierfechter zu Letzebuerg [ anneren | Quelltext anneren ]

Zu Letzebuerg gett et fennef jiddesch Kierfechter, zwein an der Stad a jee een zu Esch-Uelzecht , zu Greiwemaacher an zu Ettelbreck .

  Mei Informatioun doriwwer am Artikel: Jiddesch Kierfechter zu Letzebuerg

Vollekswaisheet [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Jongen Dokter, fette Kierfecht.

Kuckt och [ anneren | Quelltext anneren ]

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Kierfechter ? Biller, Videoen oder Audiodateien
Commons: Kierfechter zu Letzebuerg ? Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten [ Quelltext anneren ]

  1. Quell: Panneau vun der Ausstellung ≪  Cimetieres et crematoires en Europe. Espaces publics et expressions d'appartenance  ≫ (cemi-hera.org) um Bd Roosevelt an der Stad (Oktober 2021)
  2. Loi du 1er aout 1972 portant reglementation de l'inhumation et de l'incineration des depouilles mortelles. - Legilux . legilux.public.lu . Gekuckt de(n) 2021-10-18.
  3. Decret imperial sur les sepultures . Consulat et Premier Empire - Bulletin des lois . web.archive.org (2016-03-03) Archiveiert de(n) 2016-03-03. Gekuckt de(n) 2021-10-25.
  4. Henri Beck, Bruno Baltzer , Inhumations d'hier et d'aujourd'hui . onsstad.vdl.lu (1993). Gekuckt de(n) 25.10.2021.
  5. Reglement grand-ducal du 21 juin 1978 relatif a la dispersion des cendres. - Legilux . legilux.public.lu . Gekuckt de(n) 2021-10-18.
  6. Les cimetieres de la Ville | Ville de Luxembourg . www.vdl.lu . Gekuckt de(n) 2021-10-18.
  7. Cimetieres communaux - Administration communale de Berdorf . www.berdorf.lu . Gekuckt de(n) 2021-10-17.
  8. Vir Uert heescht en da Beschkierfecht Kordall a lait deelweis op Rollenger Terrain
  9. Broschurop der Websait vun environnement.lu
  10. Pressedossier vun der Aweiung, 20.3.2015
  11. Gemengerot Esch, Rapport analytique N°01/2015, Setzung vum 13. 2. 2015, Punkt 4, S. 9-11
  12. Cimetiere forestier . lac-haute-sure.lu (2020-11-02). Gekuckt de(n) 2021-10-17.
  13. Beschkierfecht Kal-Scheffleng op kayl.lu
  14. Deces - Administration communale de Kehlen . www.kehlen.lu Archiveiert de(n) 2021-10-15. Gekuckt de(n) 2021-10-17.
  15. Regionale Beschkierfecht “Jongebesch” op wiltz.lu
  16. Cf. ECOlogique 2014/3: 16-17. ( PDF )
  17. Lignes directrices . environnement.public.lu (2020). Gekuckt de(n) 17.10.2021.