Katastroph vun Tschernobyl

Vu Wikipedia
De Reakter Nr. 4 mat sengem Betongsmantel ronderem
Eng Delegatioun vun der BERD besicht Tschernobyl
Stralenzertifikat, deen all Visiteur zu Tschernobyl kritt
Tschernobyl op der Landkaart

Tschernobyl ass eng Stad an der Ukrain , dei 1986 nach zur Sowjetunioun geheiert huet. Tschernobyl ass an d'Schlagzeile vun der Weltpress koum, well de 26. Abrell 1986 d' Atomkraaftwierk vun do havareiert ass, an d'Stralen dei bei dar Explosioun ausgetratt sinn zu enger Katastroph gefouert hunn, dei d'Welt deemools an Otem gehalen huet.

Wei ass den Accident geschitt? [ anneren | Quelltext anneren ]

Den Accident vun Tschernobyl hat verschidden Ursaachen. Et ass fir d'eischt op de Reakter no russescher Bauart vum Typ RBMK zereckzefeieren, ee Reaktertyp, deen dem westleche Secherheetsstandard net entsprecht an allgemeng als gefeierlech ugesi gett. Bei de westleche Reaktere wierkt d'Killwaasser als Moderator. Wann et verdampt kennt et net, wei beim RBMK-Typ, zu enger Erheijung vun der Reaktiviteit vum Reakter, ma seng Reaktiviteit helt of.

D'Baukonzept vum RBMK-Reaktor war, no den Experte vun engem UN-Atomenergieautoriteits-Gremium IEAO , dei primar Ursach vun der Atomkatastroph vun Tschernobyl.

Beim Bau hunn emmer nees Ressource gefeelt a fir d'Fristen anzehalen, huet missen improviseiert ginn. Wei den Energieministere zu Moskau erausfonnt huet, datt den Daach vun den Turbinnenhale mat engem liicht entzundlechen Bitume gedeckt gi war, huet en d'Uweisung gi fir deen z'ersetzen. Well dat Material schweier ze beschafe war, huet de Ministere fir Tschernobyl eng Ausnam-Erlabnis ausgestallt an dat liicht entzundlecht Material konnt bleiwen. En Team vu KGB-Agenten huet eng Serie vun alarmeierende Baufeeler gemellt.

Ausserdeem war den Tschernobyl-Reakter am Geigesaz zu de moderne Reakteren net an e Secherheetsbehalter agebett, wat d'Explosiounsgefor erheicht huet.

De 25. Abrell 1986 sollt bei engem Test e Secherheetssystem iwwerpreift ginn, deen de Reakter bei engem komplette Stroumausfall soll schutzen. De Reakter hat en Noutstroum-Aggregat, mee bis dat ugespronge wier an d'Pompelen nees lafe geifen, wier en eng gefeierlech Zait ouni Killung. E Mechanismus sollt dei Zait iwwerbrecken, mee weinst Zaitdrock bei der Konstruktioun war de Mechanismus ni getest ginn.

D'Experte ginn dervun aus, datt et dem Betribspersonal u Kompetenz gefeelt huet a si hir Betribsvirschreften net agehalen haten. D'Schaltpult hat e puer honnert Schalteren, Schaltknapp, Affichagen, Liichtercher a Warnaffichen. Ee vun dese Schaltere war falsch agestallt, well e Schrett an der Gebrauchsanweisung iwwerspronge gi war. Fir dee Feeler z'iwwerspillen, hu missen anerer gemaach ginn, wat de Reakter an emmer mei ongeplangt Situatioune bruecht huet. Mee trotz allem ass decideiert ginn, den Test weider duerchzefeieren, bei dem dann nees net no Plang geschafft gouf. Dat huet derzou gefouert, datt iergendwann den Drock am Reakter emmer mei heich gouf bis et zur Explosioun koum. [1]

Konsequenzen [ anneren | Quelltext anneren ]

An der Sowjetunioun [ anneren | Quelltext anneren ]

Vun alle Katastrophen an nukleare Kraaftwierker hat d'Katastroph vun Tschernobyl dei schroost Konsequenzen an huet dei meescht Affer gefuerdert. Wei vill et der waren ass nach net definitiv geklaert. D'UN-Atomenergieautoriteit IEAO gett d'Zuel vun den onmettelbaren Affer, meeschtens Membere vun de Rettungsmannschaften, mat manner wei 50 un an huet an hirem Rapport vum September 2005 d'Zuel vun deenen dei mei speit emkomm sinn oder nach emkommen, op bis zu 4.000 Mensche geschat. Dei Zuele geifen d'Realiteit verharmlosen, geheit Greenpeace der IEAO vir. Opgrond vun hiren Nofuerschungen, un deene 60 Experten aus der ganzer Welt bedeelegt waren, muss mat bis zu 93.000 Doudege gerechent ginn, wann och d'Folge fir dei Generatiounen dei kommen a Betruecht gezu ginn. Greenpeace weist drophin, datt eleng a Russland , der Ukrain an a Waissrussland 270.000 Kriibskranker enregistreiert goufen.

Dausende Persoune goufen agesat fir opzeraumen an dobai heije Stralendosen ausgesat, besonnesch dei, dei direkt nom Accident do geschafft hunn. Bis 1991 waren et am Ganze 600 000 Manner a Fraen aus der ganzer Sowjetunioun, dei offiziell als Tschernobyl-Liquidateuren unerkannt gi sinn. Si kruten e speziellen Ausweis an et ass eng Klinik fir si zu Kiew opgaangen, wou jidderee behandelt sollt ginn, deen der Stralung ausgesat gi war. Mee well de Staat sech net sou vill potentiell Invalide konnt leeschten, hunn d'Dokteren d'Diagnose codeiert opgeschriwwen a just dei extreemst Fall unerkannt. [1]

Am Freijoer a Summer 1986 goufen 116.000 Persounen aus enger Zon vun 30 km rondrem Tschernobyl evakueiert, speider nach 240.000 Persounen zousatzlech. Trotz allem sinn awer verschidde Leit nees dohin zereckwunne komm, well si hir Uertschaft net wollte verloossen, an dei Leit dei erniere sech vun alles wat de Buedem hinnen ze bidden huet sou wei Gromperen, asw. dei natierlech och verstraalt sinn.

An den anere Lanner [ anneren | Quelltext anneren ]

An Europa , besonnesch an de Lanner am Osten an am Norde gouf eng staark erheicht Stralenawierkung gemooss. Dei eischt Waerter goufen a Schweden an a Finnland gemooss a ware scho veiermol sou heich wei normal. Schweden huet awer am Ufank naischt weider gesot, well si duechten eent vun hiren U-Booter oder eent vun hire Karkraaftwierker wier futti. Schlussendlech goufen och a Westeuropa erheicht Stralunge gemooss.

A ganz Europa rechent ee mat 25 000 zousatzleche Kriibserkrankungen duerch dei Katastroph. Bei enger Bevelkerung vu 5 Milliounen Mensche betruechten d'Wessenschaftler vun de Vereenten Natiounen dest als statistesch kaum signifikant. [1]

D'Atomkraftwierk haut [ anneren | Quelltext anneren ]

De Bau vum Sarkophag 2013
De Sarkophag 2017

No der Katastroph [ anneren | Quelltext anneren ]

Am Interessi vun der Secherheet hunn d'europaesch Lanner drop gedrangt fir, nieft dem havareierte Block 4 och dei aner Bleck 1, 2 an 3, ofzeschalten. D' Ukrain , dei Schwieregkeete mat der Energieversuergung huet, huet sech laang dogeint gewiert. De Block 2 ass am November 1991 no engem Feier an der Turbinnenhal zougemaach ginn, de Block 1 am November 1996 an de Block 3 de 15. Dezember 2000. D' Europaesch Unioun huet dat duerch Finanzhellefen un d'Ukrain meiglech gemaach.

Sarkophagen [ anneren | Quelltext anneren ]

Am accidenteierte Block 4, dee mat engem seier gebauten a provisoresche Sarkophag zoubetoneiert gouf, sinn nach Brennstief dran, a sai Kar ass nach net zur Rou komm. Well sech Ress am onstabille Betongsblock bemierkbar gemaach hunn, hu sech drengend Moossnamen opgedrangt fir neie Katastrophe virzebauen.

E Konsortium vun 28 Lanner a vun der ukrainescher Regierung hunn de Bau an Optrag ginn. Finanzeiert gouf de Sarkophag vu 40 Lanner a vun der EU . Am Abrell 2012 ass mam Bau vum neie Sarkophag ugefaange ginn, deen “New Safe Confinement” heescht. Veier Joer huet de Bau gedauert. Weinst der heijer Stralung konnt dei nei Huls net direkt iwwer der Ruin vum Reakter gebaut ginn. Dei nei Schutzhuls ass 300 Meter ewech opgeriicht an duerno op Schinnen iwwert de Reakter gedreckt ginn. Den 29. November 2016 huet se hiert Ziel erreecht.

Schatzungen no huet den zweete Sarkophag 1,8 Milliarden Euro kascht. Dest zweet Schutzhuls ass och just provisoresch. Se soll dei nachst 100 Joer halen. [2]

Beschbrand [ anneren | Quelltext anneren ]

De 5. Abrell 2020 hunn ukrainesch Autoriteiten e Beschbrand ronderem Tschernobyl gemellt. Iwwer 100 Hektar Besch hu gebrannt a Radioaktiviteit gouf fraigesat. [3]

Russeschen Iwwerfall [ anneren | Quelltext anneren ]

Am Februar 2022 si russesch Truppen an d' Ukrain agefall an hunn och den Atomkomplex vun Tschernobyl ugegraff a besat. Beim Iwwerfall waren 120 Mataarbechter am Wierk, dei fir Secherheet gesuergt hunn. Si konnten d'Wierk net mei verloossen a goufen net ofgeleist.

Zu Tschernobyl lageren 21.000 ofgebrannt Brennelementer, dei permanent musse gekillt ginn. Ouni Stroum keim et zu enger staarker radioaktiver Kontaminatioun. Wei de Stroum ausgefall ass, sinn Dieselaggregater agesprongen. E puer Deeg hunn d'Russen Diesel geliwwert, duerno hu se d'Kraaftwierk un dat russescht Stroumnetz ugeschloss. Reischt no 4 Woche waren d'Russen d'Accord, fir d'Mataarbechter auszetauschen. E puer si fraiwelleg aus Secherheetsgrenn bliwwen. No 44 Deeg hunn d'Russe sech aus der Geigend zereckgezunn.

Well d'Russe gezielt d'Stroumnetzwierk an der Ukrain attackeieren, huet d'Atomkraaftwierk vun Tschernobyl emmer nees misse mat Noutstroum versuergt ginn. [4]

Literatur [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Chernobyl's Legacy: Health, Environmental and Socio-Economic Impacts and Recommendations to the Governments of Belarus, the Russian Federation and Ukraine ; Abrell 2006 ( PDF-Dokument )
  • Igor Kostin/T. Johnson (Mitarbeit)/Ubers. C. Kalscheuer: Tschornobyl - Nahaufnahme. Munchen: Verlag Antje Kunstmann, 2006. 240 Seiten. ISBN 3-88897-435-6 (Fotoband, Reportage; Auszug, Bespreechung: in der Suddeutschen Ztg. vom 24. Marz 2006 (hgn) mit ca. 10 Abbi.Beispielen )
  • Environmental Consequences of the Chernobyl Accident and Their Remediation: Twenty Years of Experience ; Report of the UN Chernobyl Forum Expert Group “Environment” (EGE), August 2005 ( PDF-Dokument )
  • World Health Organization: Health Effects of the Chernobyl Accident and Special Health Care Programms. Report of the UN Chernobyl Forum Expert Group “Health” (EGH) April 2006, Download: [3] (PDF 1,6 MB)
  • IAEA (Hrsg.): Chernobyl's Legacy: Health, Environmental and Socio-economic Impacts (...). September 2005 ( PDF-Dokument )
  • Oda Becker, Helmut Hirsch: Tschernobyl: Sanierung des Sarkophags - Wettlauf mit der Zeit. Hamburg/Hannover: Greenpeace , 2004 ( PDF-Dokument )
  • H. Dederichs, E. Konoplya, P. Hill, R. Hille: Systemtische Differenzierung kontaminierter und nicht kontaminierter Nutzflachen in der Region Korma . , Schriftenreihe Reaktorsicherheit und Strahlenschutz; BMU-2002-613, 2002. Bundesministerium fur Umwelt, Naturschutz und Reaktorsicherheit .
  • A. Bayer, A. Kaul, C. Reiners: Zehn Jahre nach Tschernobyl, eine Bilanz. Munchen: Gustav Fischer Verlag, 1996. - ISBN 3-437-25198-8
  • Karl-Heinz Karisch/Joachim Wille (Hg.): Der Tschernobyl-Schock. Zehn Jahre nach dem Super-GAU. Frankfurt am Main: Fischer Taschenbuch Verlag, 1996. - ISBN 3-596-13301-7
  • Grigori Medwedew: Verbrannte Seelen - Die Katastrophe von Tschernobyl , Carl Hanser Verlag Munchen Wien, 1991. - ISBN 3-446-16116-3
  • V. M. Chernousenko: Chernobyl. Insight from the Inside. Berlin, Heidelberg, New York: Springer-Verlag , 1991. - ISBN 3-540-53698-1
  • Antje Hilliges/Irina Wachidowa: Als wir Tschernobyl uberlebten. - ISBN 3-453-64508-1
  • Swetlana Alexijewitsch Stimmen aus Tschernobyl in: 20 Jahre Tschernobyl Themenheft Aus Politik und Zeitgeschichte Beilage zur Wochenzeitung das Parlament, 27.3.2006 (weitere Beitrage von Sahm, Jochum und Pfaffenberger, Mojib Latif, Jens Ivo Engel), online lesbar: [4]
  • Zhores Medwedjew: Das Vermachtnis von Tschernobyl , Munster: Daedalus Verlag Joachim Herbst, 1991, ISBN 3-89126-030-X
  • Adam Higginbotham: ?Mitternacht in Tschernobyl“, S. Fischer Verlag, ISBN 978-3-10-002538-8

Kuckt och [ anneren | Quelltext anneren ]

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Referenzen [ Quelltext anneren ]

  1. 1,0 1,1 1,2 Adam Higginbotham: ?Mitternacht in Tschernobyl“, S. Fischer Verlag, ISBN 978-3-10-002538-8
  2. [1]
  3. Bei der freierer Atomzentral vun Tschernobyl klemmt d'Radioaktiviteit op rtl.lu
  4. [2]