De
Jules Kauffmann
, gebuer den
29. Juni
1921
a gestuerwen de
7. November
2010
zu
Diddeleng
, war e
letzebuergesche
Gewerkschaftler
, Lokalpolitiker a Chronist.
De Jules Kauffmann hat als Biergaarbechter an an der Kokscharge op der
Schmelz
geschafft, eier e Sekretar beim
LAV
gouf. Am
Zweete Weltkrich
war hien als
Zwangsrekruteierten
op der Ostfront. Kuerz virun der
Landung vun den Allieierten
an der
Normandie
, war hien aus
Russland
mat senger Divisioun an d'Normandie detacheiert ginn. Awer eier si an der Normadie ukomm sinn, waren d'Allieiert gelant an et huet geheescht: "Vorwarts Kameraden, wir mussen zuruck!" Wei seng Uniteit mat him a senge letzebuergesche Kolleegen Ujeen Jans vu
Walfer
a Roger Heintz vun
Deifferdeng
am Raum
Diddenuewen
Statioun gemaach huet, si se nuets deserteiert. Bis op
Keel
waren et nemme mei 20 km. Wei si ukomm sinn, waren d'Amerikaner do.
1963
gouf hie fir d'eischt an de Keeler Gemengerot gewielt. Hie war vum 1. Januar 1964 bis den 31. Dezember 1969 a vum 1. Januar 1976 bis den 30. Juni 1985
Buergermeeschter
vun der
Gemeng Keel
. Sain Nofollger gouf den
Nicolas (Schnuck) Plein
.
Als Chronist huet hien e puer lokalhistoresch Bicher geschriwwen.
- Kayl fruher und heute
, Dreckerei: editpress Letzebuerg, Oplo 1988
- Das Denkmal am "Sperrewee"
, Dreckerei: editpress Letzebuerg, Oplo 1990
- Mit der Bannmuhle durch die Jahrhunderte
, Dreckerei polyprint s.a., Oplo 1993
- Kayl um Giinzebechel
, Dreckerei polyprint s.a., Oplo 2000
- Jean-Pierre NUEL
(eng Broschur vun der Kaler Gemeng).