De
Joachim Gauck
, gebuer de
24. Januar
1940
zu
Rostock
, war vun 2012 bis 2017 deen eelefte
Bundespresident
vun
Daitschland
. Virdru war hien
evangeelesch-lutheresche
Pastor a Kierchefonctionnaire (1982-1990), no der
Wende
1990 Deputeierten an der DDR-
Volkskammer
fir
Bundnis 90
. Vun 1990 bis 2000 war hie
Bundesbeauftragter fur die Stasi-Unterlagen
, d. h. Kommissar zoustanneg fir d'
Stasi
-Archiven.
Hie war och Publizist, President vun der Associatioun
Gegen Vergessen ? Fur Demokratie
an ee vun den Initiateure vun der
Prager Erklarung
an der
Erklarung uber die Verbrechen des Kommunismus
. Den 18. Maerz 2012 gouf hie mat grousser Majoriteit vun der
Bundesversammlung
zum Bundespresident gewielt, nodeem en 2 Joer virdrun als Kandidat vun der Oppositioun geint de
Christian Wulff
ennerleee war.
Als Bundespresident war hie vum 3. bis 5. November 2014 op
Staatsvisitt
zu Letzebuerg, wou en e. a. bei enger Zeremonie fir d'Vergreisserung vum
Pompelspaicherwierk Veianen
dobai war, souwei de
Schengener Lycee
an d'
Uni Letzebuerg
um
Belval
besicht huet.