De
Jean Schortgen
, gebuer de
17. Februar
1880
zu
Teiteng
an do den
1. Mee
1918
bei engem Accident
[1]
an der Miniere "Brommeschbierg" gestuerwen,
[2]
war e
letzebuergesche
Biergaarbechter,
Gewerkschaftler
a Politiker.
De Schortgen ass ganz frei zu der
Sozialdemokratescher Partei
gestouss. Speitstens am Juni
1902
gouf et zu
Teiteng
eng sozialdemokratesch Sektioun, an de Schortgen war Member dovun.
[3]
Vun 1904 bis 1912 war de Schortgen Member vun der Parteileedung. An der Gewerkschaftbeweegung huet hien allerdengs keng Roll gespillt.
[4]
No de Wale vum Juni
1914
war hien deen eischten Aarbechter, deen an d'
Chamber
gewielt gouf. Bei de Chamberwale vum
23. Dezember
1915
gouf hien eremgewielt.
[5]
D'Schortgen-Monument um Teitenger Kierfecht
[
anneren
|
Quelltext anneren
]
Een Dag nom zweeten Doudesdag gouf um Teitenger Kierfecht e Monument fir de Jean Schortgen ageweit, dat vum Sculpteur
Duilio Donzelli
geschafe gouf.
Mei Informatioun doriwwer am Artikel:
Jean-Schortgen-Monument um Teitenger Kierfecht
.
An e puer Uertschaften aus dem Bezierk Sude gouf eng Strooss nom Schortgen genannt:
Eng speit Eierung krut de Jang Schortgen
2009
, wei de Festsall am
Centre culturel "Schungfabrik"
zu Teiteng (um 1. Stack) a "Salle Jean Schortgen" emgedeeft gouf. Bei dar Geleeenheet hat de Letzebuerger Kenschtler
Guy Hary
en
Airbrush
-Bild mam Schortgen gesprayt.
Fir de 75. Anniversaire vum Schortge sengem Doud huet d'
Letzebuerger Post
1983 en
Timber
erausbruecht, op deem de Mineur vum Schortgen-Monument ze gesinn ass.
[6]
Fir den 100. Doudesdag koum de 15. Mee 2018 e weideren Timber vun 0,70 € eraus.
[7]
- Charles Meder
,
Marc Angel
, Schortgen, En Eisefresser an der Chamber
, 2022, Graphic Novel, editions guy binsfeld,
ISBN 978-2-9199565-6-2
- B. Fayot
:
Jean Schortgen (1880-1918).
In: Galerie, 27(2009), Nr. 2: 243-259.
- B. Fayot, S. Hoffmann, J. Maas & R. Steil:
100 Joer sozialistesch Deputeiert an der letzebuerger Chamber: Dictionnaire biographique des deputes socialistes a la Chambre des Deputes.
Edition La Memoire Socialiste, Luxembourg 1997, 171 S. (Jean Schortgen, S. 120-122).
- J. Kauffmann:
Erennert Iech: Jhang Schortgen, 1880-1918. Gedenkschrift zum 75. Todestage des 1. Arbeiter-Deputierten
. Impr. Polyprint, Esch-sur-Alzette 1993, 95 S.
- OGB-L:
Festbroschure zum 100. Geburtstag des 1. Arbeiterdeputierten Jean Schortgen 1880-1918: Tetingen, September 1980
. Hrsg. von den Tetinger Sektionen des OGB-L, der LSAP und der Femmes socialistes. Tetange: OGB-L, 1980, Esch-sur-Alzette, Impr. Cooperative Luxembourgeoise, 112 S.
- ↑
Escher Tageblatt, Nr. 122, 2. Mai 1918, S. 1 (Kolonn 1:
Joh. Schortgen †
a Kolonn 5:
Lokalneuigkeiten: Tetingen ? Todlicher Unfall.)
[1]
- ↑
Kauffmann 1993, S. 17. Kuckt och: J. Lunkes:
Die Geschichte der Tetinger Minette.
In:
Tetingen. Rote Erde, rundes Leder.
Sport-Club Tetange, Editpress, Esch-sur-Alzette 1989, S. 267f.
- ↑
Fayot et al. 1997, S. 121.
- ↑
Fayot 2009, S. 245.
- ↑
Kammerwahlen vom 23. Dezember 1915
. In: Escher Tageblatt, Nr. 302, 24. Dezember 1915, S. 3.
Fayot 2009, S. 247.
- ↑
Zu seinem 75. Todestag: Eine Briefmarke erinnert an Jean Schortgen.
Tageblatt, Nr. 216, 22. September 1993, S. 18.
J. Frising & A. Link:
150 Joer Kappercher, Bd. 2: Luxemburger Briefmarken 1966-2002.
Editions St-Paul, Luxemburg 2002, S. 120.
- ↑
Neuheiten in der Maximaphilie aus Luxemburg
am
Luxemburger Wort
vum 2. Juli 2018, S. 51