De
Jean
("
Jangi
")
Fohrmann
, gebuer de
5. Juni
1904
zu
Diddeleng
, a gestuerwen de
17. September
1973
zu
Esch-Uelzecht
,
[1]
war e
letzebuergesche
Gewerkschaftler
an
LSAP
-Politiker.
De Jean Fohrmann huet seng Carriere mat fofzeng Joer als Schlasser op der
Diddelenger Schmelz
ugefaangen, wou hien am
LAV
militeiert huet. Nodeem hien 1924 an d'
Belsch
bei d'
Forges de Clabecq
gewiesselt hat, huet seng Gewerkschaft him d'Studien op der
Ecole Ouvriere Superieure
zu
Breissel
ermeiglecht. Hie gouf duerno Gewerkschaftsekretar an ass
1935
an d'Plaz vum deidlech verongleckte
Jean-Pierre Bausch
an d'
Chamber
"nogerutscht".
Am
Zweete Weltkrich
war de Jean Fohrmann
Resistenzler
an hie gouf doweinst mat senger Famill op
Leubus
a
Schlesien
emgesidelt an hie selwer koum 1944 an d'
KZ Groß-Rosen
.
Vun 1946-1965 war hien, als Nofollger vum
Theodore Thiel
,
Buergermeeschter
vun der
Stad Diddeleng
.
Och nom Krich war hie vun 1945 bis 1958, dunn vun 1959 bis 1965, an nach eng Keier tescht 1969 an 1973 Deputeierten an der Chamber.
Vun 1952-1957 war de Jangi Fohrmann Member a Vizepresident vun der berodender europaescher Versammlung
(Assemblee consultative)
vun der
CECA
, dei zu
Stroossbuerg
zesumme koum. 1965 bis 1967 war hie Member vun der
Heijer Autoriteit
vun der CECA.
Hie war Ausserdeem tescht 1953 an 1964 Direkter vum
Escher Tageblatt
.
De Jangi Fohrmann huet och eng Rei vun Theaterstecker geschriwwen.
Hie war de Papp vun der
Marthe Bigelbach-Fohrmann
an de Grousspapp vum
Alex Bodry
.
- Alex Bodry, Andre Bigelbach:
Jean Fohrmann. Lebenserinnerungen. Eng Diddelenger Biographie.
2023.
- ↑
Luxemburger Lexikon
, 1. Oplo, 2006, S. 124
- ↑
Memorial A N°17 vun 1960 mat der Lescht vun de Leit dei 1960 mam Ordre de la couronne de chene ausgezeechent goufen
Archiveiert
de(n) 2014-04-21. Gekuckt de(n) 2013-01-03.