De
Jean-Pierre Erpelding
, och:
Johann Peter Erpelding
oder
J.P. Erpelding
, gebuer den
8. Juli
1884
zu
Bierg
, a gestuerwen den
13. November
1977
an der
Stad
, war e
letzebuergesche
Schreftsteller
.
No sengem Ofschloss am
Stater Kolleisch
huet de Jean-Pierre Erpelding an der Stad Letzebuerg op de
Cours superieurs
an op den
Universiteiten
zu
Lille
,
Parais
,
Berlin
a
Munchen
Altphilologie
Germanistik a Geschicht studeiert.
Hie war vun
1907
un Enseignant fir Daitsch am
Dikrecher Kolleisch
an duerno, vun
1921
u bis en an d'Pensioun gaangen ass, am Stater Kolleisch. An de
Krichsjoren
1943
-
1944
gouf hien als
Studienrat
op
Duren
,
Dusseldorf
a
Wittlich
versat. Vun 1944 bis
1949
huet hien op de
Cours superieurs
enseigneiert.
Dem Erpelding seng Romaner spille gemenkerhand um Duerf, an der Welt vun de Baueren. Aner Wierker hunn als Hannergrond den
Eischte Weltkrich
oder beschaftege sech mat der Fro vun der Identiteit vum Letzebuerger teschent der daitscher a franseischer Kultur.
Bei Geleeenheet vum Millenaire vun der Stad Letzebuerg (
1963
) huet de Jean-Pierre Erpelding enner dem Titel ?Historische Miniaturen“ historesch Artikelen erausginn.
[1]
Fir un de Jean-Pierre Erpelding z'erenneren ass um
Kierchbierg
(Stad Letzebuerg) an zu
Bierg bei Betzder
eng Strooss no him benannt.
- Barnd Bichel
, Roman (1917)
- Anna
, (1918)
- Heisse Sommertage
, Roman (1921)
- Adelheid Francois: Der Abendstern
, (1936)
- Adelheid Francois: Lichter in der Tiefe
. (1937)
- Adelheid Francois: Das heilige Feuer
, (1938)
- Peter Brendel
, (1959)
- Die Glaubenden
- D'Madam Blimchen. Kame'disteck an drei Akten. Zur 10-jahrigen Erennerong un d'Amerikanerzeit
, 1930, Letzebuerg, Bourg-Bourger, 58 Saiten.
- ↑
Roger Muller am
Luxemburger Autorenlexikon
- ↑
Odre de la Couronne de chene Auszeechnungen 1956 Memorial A N° 10 vun 1956
Archiveiert
op 2016-03-05. Gekuckt de(n) 2013-01-06.