Java
, (op
Indoneesesch
:
Jawa
) ass eng vun de veier
Grousse Sundainselen
an der Republik
Indonesien
(dei aner si
Sumatra
,
Borneo
a
Sulawesi
).
Dei indoneesesch Haaptstad
Jakarta
lait op Java.
Java ass 126.650 Quadratkilometer grouss; mat de mei klengen, virgelagerten Insele wei
Madura
sinn et 132.107 Quadratkilometer. Et huet eng 130 Milliounen Awunner (Stand 2006), mei wei all aner Insel op der Aerd. Mat iwwer 1000 Awunner pro Quadratkilometer huet se eng vun den hechste Bevelkerungsdichten op der Welt. Jakarta eleng huet iwwer 10 Milliounen Awunner. Mettlerweil ass et mat de Nopeschstied
Bogor
,
Depok
,
Tangerang
a
Bekasi
zesummegewuess, woufir alt "Jabodetabek" (aus den Ufankssilben zesummegesat) gesot gett.
D'Insel ass ausseruerdentlech fruchtbar. Am Weste gett et nach e puer mei kleng
Dschungelflachen
, iwwerdeems et no Osten hin no an no mei dreche gett. Bal all ondebaut Teraine gi landwirtschaftlech benotzt. Nieft
Kaffi
,
Tubak
a
Mais
ass et virun allem de
Rais
, deen op groussen Terrassen ugabaut gett.
D'Insel ass domineiert duerch eng Kette vun 38 deels aktiven, deels net mei aktive Vulkaner. Dei bekanntst sinn de
Bromo
(2329 Meter), de
Merapi
(ca. 2985 Meter), ee vun de gefeierlechste Vulkaner op der Welt, an den 3676 Meter heijen
Semeru
. De
Solo
ass, mat ronn 600 Kilometer, dee langste Floss op der Insel.
Administrativ ass Java an d'Provenze
Banten
,
Jawa Barat
(Westjava),
Jawa Tengah
(Zentraljava),
Jawa Timur
(Ostjava) an an d'onofhangegt Furstentum
Yogyakarta
agedeelt. Jakarta ass direkt der Zentralregierung ennerstallt.
- Jakarta
mat ronn 11 Milliounen Awunner
- Surabaya
, 2,8 Milliounen
- Bandung
, 1,7 Milliounen
- Semarang
, 1,3 Milliounen
- Bogor
, 950.000
- Malang
, 750.000
- Surakarta
, 600.000
- Yogyakarta
, 510.000 Awunner