De
Jacques Cassini
gebuer den
18. Februar
1677
zu
Parais
, gestuerwen de
16. Abrell
1756
zu Thury bei
Clermont
; och
Cassini II
genannt, war e franseischen
Astronom
a
Geodet
, de sech enner anerem mat der
Aerdfigur
befaasst huet.
De Jacques Cassini ass de Jong vum
Jean-Dominique (it: Giovanni Domenico) Cassini
, dem Direkter vum
Paraisser Observatoire
. Hie studeiert am College Mazarin zu Parais, dat hien am Alter vu 14 oder 15 Joer mat enger Aarbecht iwwer d'Optik verleisst.
Am Joer
1694
gouf hie bei der
Academie des sciences
zougelooss, an em
1698
bei engem Openthalt an England an d'
Royal Society of London
opgeholl.
Unhand vun de Meridian- respektiv
Gradmiessungen
, dei hie
1700
zesumme mat sengem Papp a
Frankraich
gemaach hat, stellt hien d'Hypothese op, datt de Polradius vun der Aerd mei grouss wei den Aquatorradius wier, datt d'Aerd also wei en Ee misst ausgesinn. Am Geigesaz zu him vertrieden dei englesch Astronomen enner der Leedung vum
Isaac Newton
d'Usiicht, datt d'Aerd op de Polen
ofgeplattt
wier, well d'
Aerdrotatioun
eng
Zentrifugalkraaft
bewierke misst. Fir deemools awer eng vun deenen zwou Theese widderleeen ze kennen, waren d'Gradmiessungen nach ze ongenee.
Vu
1709
un, wei d'Seikraaft vu sengem Papp ofgeholl huet, huet de Jacques emmer mei d'Aufgaben am Observatoire zu Parais iwwerholl.
Hien huet weider 1718 a 1733
Vermiessungen
a Frankraich gemaach a bei der leschter ass hie vu sengem Jong, Cesar-Francois ennerstetzt ginn. D'Miessungen hunn nees d'Eeform-Theese vun der Aerd gestetzt, dei gouf awer ugezweiwelt, well nei Miessunge vum
Pierre Bouguer
a
Charles Marie de la Condamine
1735
am
Peru
a vum
Pierre de Maupertuis
1736
a
Lappland
d'Thees vun der Ofplattung op de Polen ennerstetzt hunn.
De Cassini huet der
Astronomie
waertvoll Impulser ginn, duerch seng exakt Tabellen iwwer d'
Sonn
, den
Aerdmound
, d'
Planeiten
an d'
Mounde
vum
Jupiter
a vum
Saturn
, souwei duerch Miessunge vun der
Eegebeweegung
vu
Fixstaren
.
De Jacques Cassini ass de
16. Abrell
1756
un de Follge vun engem Accident gestuerwen, bei deem sech den Dag virdru seng
Kutsch
iwwerschloen hat.
Den Asteroid
(24102) Jacquescassini
ass no him benannt ginn.
Sain Nofollger als Direkter vum Observatoire gouf sai Jong
Cesar-Francois Cassini de Thury
.
- Cassini,
Marsdaischtert duerch den Aerdmound, gesinn am Paraisser Observatoire Beobachtung, den 18te Januar, 1726.
In: Kinneklech Akademie vun de Wessenschaften zu Parais, physesch Ofhandlungen. Band 7, 1751. Korn (Hrsg.), S. 660?661, (
[1]
)
- Elements d'astronomie
,
1740
- De la grandeur et figure de la terre
,
1720