한국   대만   중국   일본 
Isabelle Adjani ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Isabelle Adjani

Vu Wikipedia
Isabelle Adjani
Gebuertsnumm Isabelle Yasmine Adjani
Gebuer 27. Juni 1955
17. Arrondissement
Nationaliteit Frankraich
Educatioun Cours Florent
Aktiviteit Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Sanger , Schauspiller , Televisiounsschauspiller, Delegeierte Produzent
Famill
Liewenspartner(in) Bruno Nuytten, Daniel Day-Lewis , Warren Beatty, Stephane Delajoux
Papp Mohammed Cherif Adjani
Mamm Emma Augusta Adjani

D' Isabelle Yasmine Adjani , gebuer de 27. Juni 1955 zu Parais , ass eng franseisch Schauspillerin .

Obwouel d'Isabelle Adjani hir eischt Experienzen als Schauspillerin a Kinofilmer gemaach huet, gouf si fir am Ufank als Theaterschauspillerin bekannt. 1972 hat si an der Comedie-Francaise mat hiren Interpretatioune vun der Ondine am Jean Giraudoux sengem Steck mam selwechten Numm, an der Agnes am Moliere senger Ecole des femmes grousse Succes. Beid Stecker goufen duerno mat hir fir d'Televisioun adapteiert. [1] , [2]

Hir Filmcarriere huet 1970 mam Kannerfilm Le petit Bougnat vum Bernard Toublanc-Michel ugefaangen. Hiren Duerchbroch hat se am Francois Truffaut sengem L'histoire d'Adele H. an der Roll vum Victor Hugo senger Duechter, wat hir eng Oscar -Nomineierung abruecht huet. Duerno koume Rollen e. a. am Roman Polanski sengem Le locataire (1976), dem Andre Techine sengem Politthriller Barocco an am Werner Herzog senger Dracula -Verfilmung Nosferatu: Phantom der Nacht . An den 1980er Joren hat si virun allem Succes mat hiren Interpretatiounen am Claude Miller sengem Mortelle randonnee , dem Jean Becker sengem L'ete meurtrier ( Cesar als bescht Haaptroll), an dann nees am Luc Besson sengem Subway (1985) an an der Roll vun der Camille Claudel am Film mam selwechten Titel , woufir s'en Cesar an e Selwere Bier zu Berlin krut. Den Hollywood -Film Ishtar war dogeint e Flop, trotz sellegen anere Staren.

An den 1990er Joren huet si a Filmer wei Toxic Affair (1993), La reine Margot vum Patrice Chereau (1994) an Diabolique (1996) vum Jeremiah S. Chechik (mat der Sharon Stone ), der Neiverfilmung vum Henri-Georges Clouzot sengem Klassiker Les diaboliques matgespillt, huet sech an de Joren duerno dann awer mei em hir Famill gekemmert.

2002 war si nees an der Laetitia Masson hirem La repentie (2002) ze gesinn, an duerno a mei klenge Rolle wei am Monsieur Ibrahim et les fleurs du Coran (2003). E puer Teleessfilmer koumen no, a vun 2008 un och nees Kinosfilmer, wei dem Jacques Weber sai Figaro an dem Jean-Paul Lilienfeld sai La journee de la jupe , woufir se hire fennefte Cesar als bescht Schauspillerin krut, eppes, wat bis ewell soss nach kee faerdegbruecht huet.

D'Isabelle Adjani huet och a puer Lidder opgeholl, dat bekanntst ass Pull Marine , geschriwwe vum Serge Gainsbourg , dat 1983 en Nummer-Eent-Hit a Frankraich war.

Filmographie [ anneren | Quelltext anneren ]

Kino [ anneren | Quelltext anneren ]

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Isabelle Adjani ? Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen [ Quelltext anneren ]

  1. Kurzbiographie Adjanis am BiFi
  2. Adjani, Isabelle (1980): ?Isabelle Adjani“ in: Jean-Luc Douin (Hrsg.): Comediennes aujourd'hui: au micro et sous le regard , Paris: Lherminier.