Den
Ihor Iwanowytsch Sikorskyj
(ukrainesch: ?гор ?ванович С?корський, russesch: Игорь Иванович Сикорский) gebuer de
25. Mee
1889
zu
Kiew
, deemools am
russesche Keeserraich
, a gestuerwen de
26. Oktober
1972
zu
Easton
[1]
am
Connecticut
,
Vereenegt Staate vun Amerika
, war en ukrainesch-amerikanesche
Loftfaartpioneier
. Hien hat dei eischt veiermotoreg
Fligeren
entweckelt a mat hinnen d'Grondlage fir dei modern
Passageierloftfaart
geschaf. Vill mei bekannt sinn awer seng Aarbechten als Constructeur an Architekt vun
Helikopteren
, net zulescht duerch d'
Sikorsky Aircraft Corporation
dei nach haut enner sengem Numm Helikoptere produzeiert.
Den Igor Sikorsky koum als jengste Jong vum Medezinprofesser vun der
Universiteit Kiew
Iwan Sikorskyj
, dem Nokomme vun enger ukrainescher Klerikerfamill, zu Kiew op d'Welt.
[2]
Hien huet um Militaresche Marineinstitut zu
Sankt-Peitersbuerg
studeiert. Enner sengen Aarbechten als Chefingenieur vum Loftfaartdepartement vu
Russo-Balt
(Russesch-Baltesch Waggonfabreck, greisst Industriekonglomerat vum Russesche Raich mat Eisebunns-, Autos- a Fligerproduktioun zu Riga, Moskau a Sankt-Peitersbuerg), war den eischte veiermotorege Fliger, dei bekannt
Russki Witjas
(russesche Reck), deen hie selwer den
13. Mee
1913
ageflunn hat. Eng Weiderentwecklung dovu war d'
Ilja Muromez
. Sikorsky-Fligere goufe vun der
russescher Armei
am
Eischte Weltkrich
als
Bomber
agesat.
Warend dem
russesche Biergerkrich
ass de Sikorsky
1919
am Alter vun 30 Joer an d'
USA
emigreiert. Do huet hien
1923
mat Ennerstetzung vu villen emigreierte Russen a mat der finanzieller Hellef vum Komponist
Sergei Rachmaninow
d'
Sikorsky Aero Engineering Company
, dei speider vu
United Aircraft
iwwerholl gouf, gegrennt. An der Teschenzait si beid Firmaen en Deel vun der
United Technologies Corporation
. D'Entreprise mecht
Fluchbooter
wei d'
Sikorsky S-42
, dei vu
Pan Am
fir transatlantesch Flich agesat goufen, an als Pan Am
Clipper
bekannt goufe, virun allem awer
Helikopter
.
Schonn a Russland hat de Sikorsky mat Helikopteren experimenteiert.
1939
huet hie mat der
Sikorsky VS-300
den eischte Fraifluch gestart, deen en
Haaptrotor
a fir den
Dreimomentausglaich
en Heckrotor hat. Dei och
Heckrotor-Konfiguratioun
genannt Form gellt haut als Standardbauweis, well si am heefegsten ugewannt gett.
1955
gouf de Sikorsky mat der
James-Watt-Medaill
ausgezeechent. D'
Sikorsky Aircraft Corporation
ass bis haut ee vun de feierenden Helikopterproduzenten.
1968
gouf hien als Member vun der
National Academy of Engineering
gewielt. Dee vun der
American Helicopter Society
am Joer
1980
ausgeschriwwene Prais fir
Muskelkraaft-Helikopterfluch
? gespent vun der
Sikorsky Aircraft Corporation
an am Joer
2010
op 250.000 USD erheicht ? gouf nom Sikorsky genannt.
[3]
Ereischt den
13. Juni
2013
konnt e kanadescht Team mam
AeroVelo Atlas
de Prais gewannen.
[4]
Den
23. Mee
2000
gouf en
Asteroid
nom Igor Sikorsky genannt:
(10090) Sikorsky
.
De
25. Maerz
2010
publizeiert
Autodesk
eng nei Versioun vun
Autodesk Inventor
, bei deem den Numm vum Sikorsky him zu Eiere Patter fir dei firmenintern Bezeechnung stoung.
- ↑
Igor Sikorsky Dies ? Today in History
- ↑
Biografie Iwan Sikorskyj
auf
uahistory.com
; gekuckt den
1. Juni
2017
(ukrainesch)
- ↑
The AHS Sikorsky Prize
, Alfred Gessow Rotorcraft Center, University of Maryland, gekuckt den
20. Maerz
2013
- ↑
Notiz op der Homepage vum AeroVelo
, gekuckt den
12. Juli
2013