Fir de Film, kuckt:
Heim ins Reich (Film)
Heim ins Reich
war e politesche Slogan an der Zait vum
Nationalsozialismus
. E gouf benotzt fir den Uschloss vun deenen Nopeschterritoiren a -lanner, dei der Nazi-Ideologie no zu
Daitschland
geheiere sollten, ze propageieren.
E koum fir d'eischt, am Virfeld vun der Ofstemmung iwwer d'
Saarland
, den
13. Januar
1935
zum Asaz a gouf duerno och am
Sudetenland
an an
Eistraich
gebraucht fir d'Annexioun erbaizefeieren.
Mei speit goufen d'Leit aus deene Gebidder a
Bessarabien
, der
Bukowina
a
Galizien
, dei dem
Hitler-Stalin-Pakt
no un d'
Sowjetunioun
goungen, enner deem Slogan an dat besatent Polen emgesidelt.
Och am
besate Letzebuerg
huet d'
Volksdeutsche Bewegung
dese Slogan benotzt fir d'Leit fir en Uschloss un Daitschland z'iwwerzeegen.
Den 31. August 1940 gouf esou ee Manifest an de glaichgeschalten Dageszeitungen
Luxemburger Wort
an
Tageblatt
publizeiert, an deem d'Letzebuerger dozou opgeruff goufe sech bedengungslos fir den Nazi-Regimm z'engageieren.
[1]
Den Dokumentarfilm
Heim ins Reich
vum
Claude Lahr
vun
2004
huet desen "Echec d'une annexion" (sou de franseischen Ennertitel vum Film) als Theema.
- ↑
"Manner und Frauen Luxemburgs!" - "Heim ins Reich"
Luxemburger Wort
, 31. August 1940, S.1; op eluxemburgensia.lu, digitaliseiert vun der Letzebuerger Nationalbibliotheik.