Den
Hotel des Invalides
ass e Komplex vu Gebaier zu
Parais
mat engem Heem fir Invaliden, enger
Kathedral
, enger
Militarnekropol
, Monumenter a Museeen. E gellt als Meeschterwierk vun der
klassescher Architektur
.
Wei seng Virganger
Henri IV.
[1]
a
Louis XIII.
[1]
huet och de Kinnek
Louis XIV. vu Frankraich
sech gewenscht, sengen invaliden Zaldoten ze hellefen. Hien huet de Bau vum Hotel des Invalides 1670
[1]
duerch eng Ordonnance an Optrag ginn, fir den Invaliden aus senger Armei en Doheem ze secheren.
D'
Invalides
goufen am Dall vun der Grenelle ("Plaine de Grenelle") gebaut, wat deemools e Viruert vu Parais war. D'Aarbechten un den Haaptgebaier goufe vum Staatssekretar
Louvois
un den Architekt
Liberal Bruant
weiderginn.
[1]
De Bruant huet sech fennef Haff virgestallt, zentreiert ronderem dee greissten, dei sougenannt
Cour royale
. D'Aarbechte sinn am Maerz 1671 ugaangen an hu bis an de Februar 1677 gedauert, wat fir dei Zait seier war. Dei eischt Pensionnare konnte schonn am Oktober 1674 eraplenneren.
[1]
Geint Enn vum 17. Joerhonnert hunn an den
Invalides
bis zu 4.000 Leit gewunnt.
[2]
Am
Hotel des Invalides
waren nieft den Zemmer fir d'Pensionnairen och nach eng Kierch, eng Manufaktur fir Uniformen, eng Dreckerei, en Hospiz an e Militarspidol ennerbruecht. D'Atelieren, dei am Ufank geplangt waren, goufe seier opginn, fir Plaz fir mei Kummeren ze maachen.
De 15. Juli 1804 koum et an der Kapell vun den Invalides zu der eischter Iwwerreechung vun der
Legion d'honneur
duerch den
Napoleon
fir seng Offizeier, dest am Kader vun enger grousser offizieller Zeremonie.
Am Norde verlangert sech den Haff iwwer d'Limite vum Hotel duerch eng grouss effentlech Esplanad wou een d'Ambassade vun
Eistraich
a
Finnland
an den Ausseministere fennt. Um Enn vun der Esplanad kennt ee bei der
Seine
un, iwwer dei een iwwer d'
Breck Alexandre III
bei de
Petit
an de
Grand Palais
kennt.
D'Kierch, dei de Bruant geplangt hat, hat dem Louis XIV. net gefall. 1676 huet de Kinnek dem Architekt
Jules Hardouin-Mansart
den Optrag ginn, d'Kierch
Saint-Louis des Invalides
ze bauen.
[3]
Et si bal 30 Joer un deem relieise Gebai gebaut ginn.
[3]
Hien huet d'Kierchescheff, dat scho gebaut war, duerch e beandrockenden Tuerm mat enger Kuppel verlangert. An deem Tuerm war deemools eng kinneklech Kapell,
Eglise du Dome
genannt.
[3]
Iwwert de
Chouer
waren dei zwein Deeler vum Gebai matenee verbonnen. Esou konnten de Kinnek an d'Pensionnaire vun den Invaliden, jiddwereen op senger Sait, un enger gemeinsamer Mass deelhuelen.
[3]
[4]
1873 goufen dei zwou Partie mat enger Glasscheif vunenee getrennt, fir den Ennerscheed mei daitlech ze maachen.
[3]
[4]
Den Doum ass haut e militaresche Pantheon.
D'Kierch am
Kierchescheff
ass haut d'Kathedral
Saint-Louis-des-Invalides
a gett och nach
Eglise des soldats
genannt.
Zanter 1967 ass et d'
Kathedral
vun der franseischer Armei.
De Kuppelbau gett haut alternativ
Dome des Invalides
,
Eglise du Dome
oder
Chapelle royale des Invalides
genannt. Ursprenglech war do d'kinneklech Kappell. Haut huet d'Gebai keng relieis Funktioun mei. De Bannendekor entsprecht deem vun der Zait a weist op d'Gloire vum Kinnek
Louis XIV
, der Monarchie an hiren Armeien hin.
[5]
Warend der franseischer Revolutioun war den Doum e
Mars-Tempel
.
[5]
Den
Napoleon Bonaparte
huet aus der freierer Kapell e militaresche Pantheon gemaach.
[5]
Vir d'eischt sinn am Joer 1800 dem Marschall
Turenne
seng Iwwerreschter an de Doum verluecht ginn, 1808 dunn ass dem
Vauban
sain Haerz an e Mausoleum am Doum transfereiert ginn.
Dem Napoleon, deen 1821 gestuerwen ass, seng Iwwerreschter sinn de 15. Dezember 1840 enner der
Julimonarchie
an den Doum bruecht ginn.
[5]
D'Manner un der Muecht hate versicht Partisane vum ale Keeser ze fannen; zu glaicher Zait gouf och den
Arc de triomphe de l'Etoile
faerdeggestallt. D'Asche vum Napoleon goufen an e monumentale Sarkophage geluecht, deen an enger Krypta am Zentrum vun der freierer kinneklecher Kapell steet. Och anere Personnage aus dem
Premier Empire
leien am Doum begruewen. Sai Jong
Francois Bonaparte
(och enner den Nimm Napoleon II oder
L'aiglon
bekannt) gouf 1940 als Geschenk vum
Adolf Hitler
u
Frankraich
hei baigesat.
[6]
De
Joseph
an de
Jerome Bonaparte
, Bridder vum Keeser, goufe laanscht Saite vum Sarkophag vum Napoleon begruewen.
[5]
Ronderem d'Graf vum Napoleon Bonaparte leien och d'Genereel
Duroc
a
Bertrand
.
[5]
Donieft hunn d'Marschallen
Foch
a
Lyautey
aus der eischter Hallschent vum 20. Joerhonnert hiert d'Graf am Doum.
[5]
Am Invalidendoum ginn haaptsachlech Membere vum franseische Militar begruewen. Perseinlechkeeten, dei sech an anere Beraicher vun der franseischer Geschicht verdengt gemaach hunn ginn am
Pantheon
begruewen.
D'
gelle
Kuppel vum Doum ass ee vun de groussen Unhaltspunkte vun der Paraisser Landschaft.
[5]
Den Hotel huet frei eng museographesch Funktioun iwwerholl. 1777 ass d'
Galerie royale des Plans en relief
aus dem
Louvre
an d'
Invalides
geplennert, wou si bis haut bliwwen ass.
1872 gouf en Artilleriesmusee ageriicht, vun deem d'Kanounen haut d'Haff an d'Promenade vum Palais dekoreieren. 1896 ass nach en historesche Waffemusee derbaikomm. 1905 goufen dei zwee zum
Musee de l'armee
zesummegeluecht.
Zanter dem
Zweete Weltkrich
, wou an den Invalides och e
Resistenzreseau
1942 opgebaut gi war, sinn nach de
Musee de l'Ordre de la Liberation
an de
Musee d'histoire contemporaine
derbaikomm.
D'
Metrosstatiounen
Invalides
,
La Tour-Maubourg
a
Varenne
leie beim Hotel des Invalides.
-
Plang vum Hotel des Invalides
-
Kanoune bei der Entree vum Musee
-
Vue vun der Esplanad op d'nerdlech Fassad
-
D'Kuppel vu bannen
-
De Bannenhaff (d'
Cours d'honneur
)
-
D'Nordfassad
-
Expositiounsstecker aus dem Armeimusee
- ↑
1,0
1,1
1,2
1,3
1,4
M. THIERY, Guide des amateurs et des etrangers voyageurs a Paris, tome II, Paris, Hardouin et Gattey, 1787, p. 609-610
- ↑
musee-armee.fr:
L'hotel national des Invalides
(gekuckt de 4. Mee 2018)
- ↑
3,0
3,1
3,2
3,3
3,4
musee-armee.fr:
L'eglise royale
(gekuckt de 4. Mee 2018)
- ↑
4,0
4,1
musee-armee.fr:
Cathedrale Saint-Louis des Invalides
(gekuckt de 4. Mee 2018)
- ↑
5,0
5,1
5,2
5,3
5,4
5,5
5,6
5,7
musee-armee.fr:
Dome des Invalides, tombeau de Napoleon Ier
(gekuckt den 11. Maerz 2018)
- ↑
tombes-sepultures.com:
Eglise du Dome des Invalides
(gekuckt den 11. Maerz 2018)