Gare Montparnasse

Vu Wikipedia
Gare Montparnasse
Ereffnung: 10. September 1840
Arrondissement: 14. & 15.
Passageier all Joer: 50 Milliounen
Catenaire : 1500 V
Destinatiounen: Sud-West- Frankraich , Bretagne

D' Gare Montparnasse zu Parais ass eng vun de siwen Haaptgaren an der franseischer Haaptstad. Si gouf den 10. September 1840 als Gare de l'Ouest ageweit a war zanterhier den Ausgangspunkt vun Zich a Richtung Bretagne a fir laanscht d' atlantesch Kust.

Geschicht [ anneren | Quelltext anneren ]

Zuchaccident an der Gare Montparnasse, 22.Oktober 1895.

D'Gare de Montparnasse gouf um lenksen Uwanner vun der Seine gebaut fir all d'Zich dei aus der Bretagne an aus der Aquitaine koumen. Si huet zanter der Ufankszait als Alternativ fir d' Gare d'Austerlitz gedengt. Haut ass se den Ausgankspunkt vum TGV Atlantique .

Dei eischt Gare, deemools Gare de l'Ouest - Rive gauche genannt, goung 1840 a Betrib a stoung op dar Plaz wou elo den Tour Montparnasse steet.

Schonn 1852 gouf eng nei, mei grouss Gare op der selwechter Plaz gebaut. Dei al Gare huet dee staarken Trafic net mei gepackt.

Dat bekanntst Evenement an der Gare Montparnasse war d'Zuchaccident vum 22. Oktober 1895. Eng Damplokomotiv mat futtisse Bremsen huet dei hennescht Mauer vun der Kappgare duerchschloen an ass laanscht enger 10 Meter heijer Mauer hanke bliwwen.

An den 1930-er Jore gouf d'Gare nach eng Keier vergreissert duerch en Ubau, genannt Gare du Maine , fir d'Zich vun de grandes lignes .

Aktuell Gare [ anneren | Quelltext anneren ]

An den 1960-er Jore gouf dei aktuell Gare ronn 400 Meter mei wait zereck gebaut an um Terrain vun der aler Gare ass e Buros- a Geschaftszenter entstanen, mat dem 209 Meter heijen Tour Montparnasse.

1990 gett Gare nach eng Keier emgebaut duerch d'Afeierung vum TGV Atlantique.

An der Gare gett et 28 Gleiser mat Quai.

Mat den TGVen an der LGV Sud-Ouest si vill Zich vun der Gare d'Austerlitz an d'Gare Montparnasse geplennert. Montparnasse ass haut dei eenzeg Gare vun dar TGVen an de Sud-Weste vu Frankraich fortfueren. Am Geigenzuch, fueren haut keng Lunea mei vun Montparnasse fort.

Destinatiounen [ anneren | Quelltext anneren ]

Destinatioune vun der Gare de Montparnasse(grenge Beraich).