De
franseische
Fandel
besteet aus drai vertikale Straife vun der selwechter Breet. E gouf warend der
Franseischer Revolutioun
geschaf.
Enger
vexillologescher
Legend no huet de
La Fayette
am
Juli
1789
d'Faarwe vu
Parais
(
blo
a
rout
mat der Faarf vun der
Monarchie
(waiss) verbonnen. D'Faarfauswiel staamt effektiv vum La Fayette, deen d'Faarwe vum
amerikanesche
Fandel no der
Amerikanescher Revolutioun
mat Heem bruecht huet. D'Dispositioun
bleu au mat, blanc au centre, et rouge flottant
gouf offiziell mam Dekreet vum
15. Februar
1794
ugeholl a vum
20. Mee
1794
u benotzt, fir Verwiesslunge bei de Seischluechten ze verhenneren. D'Fandele vun der Landarmei droen d'
Tricolore
zanter
1791
an d'
Garde nationale
schonn zanter
1789
.
Am Joer
1814
huet d'
Restauratioun
erem de
waisse Fandel
agefouert, deen allerdengs
1830
duerch d'
Juli-Monarchie
erem ofgeschaf gouf, fir d'Tricolore ze benotzen.
No der Revolutioun vun
1848
war ee Moment d'Tendenz do, fir e roude Fandel ze benotzen.
1873
ass de Versuch, d'Monarchie nees anzefeieren, feelgeschloen, well den
Henri d'Artois
d'Tricolore op kee Fall akzepteiere wollt. Hie wollt erem zereck bei de waisse Fandel vum
Ancien Regime
.
D'Tricolore steet an der
Constitutioun
vum
4. Oktober
1958
.
D'Proportioune vum franseische Fandel sinn 2:3.