De
Frank Owen Gehry
, gebuer den
28. Februar
1929
zu
Toronto
,
Ontario
als
Ephraim Goldberg
, ass e
kanadesch
-
US-amerikaneschen
Architekt
an
Designer
, deen zanter 1947 a
Kalifornien
lieft. HIen ass bekannt fir seng Entwerf am Stil vun der
dekonstruktivistescher Architektur
an zielt zu deene bekanntsten amerikaneschen Architekten.
De Gehry ass de Jong vun den Nokomme vu jiddeschen Emigranten aus Polen. Schonn als Kand huet hie mat Material aus sengem Bop senger Quincaillerie Stied an Haiser zesummegebastelt, Hien huet op der USC zu
Los Angeles
bis 1954 Architektur studieiert. Duerno huet en op der
Harvard Graduate School of Design
en Zweetstudium an Urbanismus gemaach. Zanter 1962 huet de Gehry sain eegenen Architekteburo zu
Los Angeles
enner dem Numm
Gehry Partners, LLP
.
Um Ufank vu senger Carriere huet de Gehry nach konventionell gebaut. Ereischt geint der Enn vun den 1970er Joren huet e seng architektonesch Formesprooch verannert, andeems e mei "schappech" Materialie wei Wellblech odeer Sperrholz mat verschafft huet (beim Miwweldesign alt emol
Wellkartong
). Charakteristesch fir sai Baustil sinn zanterhier eng gebrache Geometrie, Linnen, dai ausernee lafen, Formen, dei op d'Kopp gestallt goufen, an, wat typesch ass fir den
dekonstruktivistesche
Stil, de Fait, datt Deeler vun de Gebaier wei bei engem
Collage
zesummegeprafft goufen.
1989 krut hien de
Pritzker-Prais
.
Zu senge bekanntste Gebaier zielen
- Mathewson, Casey:
Frank O. Gehry: 1969 ? heute
. Feierabend Verlag, Berlin 2006, 600 S., 700 farbige Abb.,
ISBN 3-89985-270-2
.
- Ragheb, J. Fiona u. a.:
Frank Gehry. Architect.
Hatje Cantz Verlag, Ostfildern 2001, 392 S., 408 Abb.,
ISBN 3-7757-1048-5
. (englisch)
- Bruggen, Coosje van:
Frank O. Gehry. Guggenheim Museum Bilbao.
Hatje Cantz Verlag, Ostfildern 1997,
ISBN 3-7757-0722-0
.